Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Skoda Tour Luxembourg huet ugefaangen

Vëlossport

De Skoda Tour Luxembourg huet ugefaangen



Haut ass déi 80. Editioun vum Tour du Luxembourg, oder wéi en zanter 2005 heescht, Skoda Tour Luxembourg gestart. Anescht wéi an de Jore virdrun, ass Course net am Summer gefuer ginn, an och soss gouf et e puer Ännerungen.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / lightcatcherbigstock

Anescht wéi an de leschte Joren huet den Tour net mat engem Prolog an de Stroosse vun der Alstad ugefaangen, mee en ass duerch eng Etapp ersat ginn, déi um Milliounewee um Kierchbierg an d'Zill koum.

Donieft ass de Skoda Tour Luxembourg eng Divisioun geklommen an ass elo Deel vun den UCI Pro Series, quasi déi zweet Liga am Vëlossport, hanner der UCI Wold Tour. Doduerch sinn och renomméiert Ekippe wéi Astana Pro Tour, Ag2r-La Mondiale, Lotto-Soudal oder nach Trek-Segafredo dëst Joer mat derbäi.

Sécherheetsmesurë wéinst Corona

Ee méi grousse Fokus läit dëst Joer, wéinst dem neiaartege Coronavirus, op der Sécherheet. Do hätt ee sech ugekuckt, wéi dat bei anere Courssen organiséiert gouf, esou den Andy Schleck, Direkter vum Tour.

"Mir hu méi Hoteller, wou mer d'Ekippe méi verdeelen. All Ekipp huet extra Zëmmeren, wann da sollt e Fall do sinn, datt een dann d'Coureuren oder d'Membere vum Staff sécher kann isoléieren. Mir hunn zwee Dokteren, déi just an der Course si fir en A drop ze halen, wann dann eng Situatioun do ass, fir Krisemanagement kënnen ze maachen."

Donieft gëtt dann nach opgepasst, de Kontakt tëschent de Coureuren an de Spectateuren ze evitéieren.

Parallel zum Tour de France

Doduercher, datt een de Skoda Tour Luxembourg an de September geluecht huet, an d'Pandemie de Renn-Kalenner e bëssen duerchernee gerëselt hat, leeft d'Course elo parallel mat dem Tour de France. Fir den Andy Schleck ass dat awer net onbedéngt en Nodeel.

"An enger Ekipp sinn tëschent 24 an 30 Coureuren. An och wann déi aacht bescht beim Tour de France sinn, den néngtbeschte Coureur vun enger Ekipp Ineos ass nach ëmmer e Weltklasse-Coureur."

D'Mediepresenz, déi een dëst Joer beim Skoda Tour Luembourg hätt, wier enorm, seet den Andy Schleck. D'Course géif a 85 Länner um Fernsee diffuséiert ginn.