Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Spëtzekandidat

CSV

De Spëtzekandidat

​De Claude Wiseler ass fir e Referendum iwwert d’Verfassung - awer eréischt no de Wahlen. Et misst een sech d’Zäit huele fir den Text ze finaliséieren an de Leit den Enjeu dovunner z'erklären, seet den CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwahlen. Hie betount et géif e fundamentalen Ënnerscheed ginn, tëscht der aktueller Regierungspolitik an enger CSV-Alternativ.

auto_stories

3 min

De Claude Wiseler ass CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwahlen

De Claude Wiseler betount, den CSV-Konvent vum 8. Oktober wier wichteg gewiescht, fir ze gesi wéi wäit d’Partei hannert him stéing. Hien hat, als eenzege Spëtzekandidat, iwwer 98 Prozent vun de Stëmme kritt. De Claude Wiseler fillt sech vu senger Partei gedroen."Eleng mécht ee keen esou en Walkampf." D’Personaldiskussioune wiere mam Konvent gekläert. Elo kéint ee sech ëm d'Inhalter këmmeren, ënnersträicht den CSV-Spëtzekandidat.

"Komm mir halen op mat deem Kaz a Mausspill iwwert de Referendum zur Verfassungsreform", esou den CSV-Fraktiounschef. Hie seet, hie wier fir e Referendum no de Chamberwalen: Et soll ee sech zwee Joer Zäit huele fir de Verfassungstext ofzeschléissen. Dernieft bräicht een och Zäit fir de Leit déi verschidde Verfassungsartikelen z'erklären, éier si doriwwer kéinten ofstëmmen."Mir hätte gär eng seriö Verfassung, dofir hätte mir gär eng seriö Diskussioun, och mat de Leit dobaussen. Ausserhalb vun all Walcampagne." Et wier dem CSV-Spëtzekandidat no schued fir zéng Joer Aarbecht un der Verfassung an der Hetz ze vermasselen. "Ouni d’Stëmme vun der CSV ass eng Verfassungsännerung net méiglech."

Wann de Referendum am Januar 2018 soll stattfannen, da misst e schonn an engem éischte Vote am Oktober 2017 gestëmmt ginn, erkläert de Claude Wiseler. Dat géif bedeiten, datt am Juni / Juli en éischten Text fäerdeg misst sinn, mam Avis vum Staatsrot. Wier dat de Fall, "wéi géif een an der Zäit déi bleift, déi 130 komplizéiert Artikele vun enger Verfassung erklären", freet sech den CSV-Fraktiounschef. An déi Méint géif nämlech och d’Summervakanz an de Gemengewahlkampf falen, .

D’CSV-Wirtschaftsalternativ?

Et géif e fundamentalen Ënnerscheed ginn, tëscht enger Finanzpolitik vun der CSV an der aktueller Politik vun der Regierung, seet de Claude Wiseler. Esou wier et a Wuestemsszäite wichteg fir d’Investissementsfongen erëm opzefëllen. Dat géif d’Regierung net maachen. Grad bei staarkem Wuesstem wéi elo, missten d’Finanzen nohalteg opgestallt ginn, fënnt de Fraktiounschef. Hien ass der Meenung, d'Steierpolitik vun der Regierung géif awer net an déi Richtung goen.

De fréiere Minister betount, vill Inhalter vun der Steierreform wieren him zwar sympathesch, mee esou wéi d'Reform elo virgesi wier, wier et eng onvirsiichteg Politik. Déi geplangte Reform géif op enger Perspektiv vun demografescher Croissance baséieren, déi laangfristeg zu 1,2 Milliounen Awunner féiere géif.

De Claude Wiseler seet, hie wéilt keen esou ee Wuesstem - d'Croissance misst een iwwer d'Produktivitéit erreechen. Dofir misst een den Akzent op Schlësselberäicher setzen: Innovatioun, Recherche, Bildung, eng besser Gestioun vun de Ressourcen, Décarbonisatioun vun der Gesellschaft, Shared- a Circular Economy ... Esou Propose géif d'Regierung zwar maachen, mee déi Virschléi géifen net op konkreter Politik baséieren.

Déi sozial a familljepolitesch CSV

"Mir wäerten alles an der CSV maachen, fir datt keen um Stroosserand leie bleift", betount den CSV-Politiker. De soziale Flillek vu senger Partei kéim an Zukunft net ze kuerz. Dofir hätt hie sech säi ganzt Liewen agesat. Hie kritiséiert, déi aktuell Familljepolitik géif de Familljen e Modell imposéieren, ouni hinnen de Choix ze loossen. Déi Politik géif d’CSV net weiderféieren.

Bei der Trennung vu Kierch a Staat misst dem Claude Wiseler no gekuckt ginn, wéi dës géif ëmgesat ginn. Een Diskussiounspunkt wier, datt d’Gemenge keng Ënnerstëtzung dierfte fir Kierchegebaier ginn, déi hinnen net géife gehéieren. D'Zukunft vum Wäerterunterrecht géif vun der Realitéit ofhänken, seet de Fraktiounschef. Hie betount awere, de Virschlag vun de Kierchegemeinschafte fir ee gemeinsame Reliounsunterrecht unzebidden, wier eng historesch Chance gewiescht, déi d’Regierung laanscht zéie gelooss hätt. D’CSV wéilt déi Méiglechkeet nach emol iwwerpréiwen.

De Claude Wiseler ënnersträicht iwwerdeems, als Minister hätt hie bewisen, wéi decisiounsfreedeg hie wier. Mee, "ech hat an der leschter Legislatur vill technesch Dossieren, an déi stieche politesch net esou ervir."