Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Staat an déi betraffe Leit mussen Efforte maachen"

Immigratiounspolitik

"De Staat an déi betraffe Leit mussen Efforte maachen"

D'Opfankstrukture fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg si voll, 50 Prozent vun de Leit, déi dra wunnen, hunn de Flüchtlingsstatut. Lëtzebuerg schéckt weiderhi Refugiéen an Italien zeréck.

auto_stories

4 min

De Jean Asselborn bei der Presentatioun vum Immigratiounsbilan vum Joer 2018. Foto: MAEE.

D'lescht Joer hunn 2.205 Persounen eng Asyldemande hei am Land gestallt. Am Verglach mam Joer virdru waren dat ronn 120 Leit manner. Wann een awer d'Relokalisatioune vu Malta, Italien a Griichenland op Lëtzebuerg mat arechent, da sinn d'Asyldemanden op ee Joer gekuckt geklommen. Ausserdeem wieren dëse Januar aussergewéinlech vill Leit ukomm.

Den Drock op d'Opfaangstrukturen ass grouss, d'Foyere sinn un hire Capacitéiten ukomm. D'Hallschecht vun de Leit, déi am Accueil sinn, hätten de Flüchtlingsstatut, seet de Jean Asselborn. "Mir hunn zéng Prozent, déi sinn ofgeleent, mee mir kënne si net op d'Strooss setzen a mir kënne si och net heem schécken." Déi rechtlech 40 Prozent wieren nach an der Prozedur, esou den Ausseminister.

De Leit net d'Messer op d'Broscht setzen

Esouwuel de Staat wéi déi betreffend Leit missten Efforte maachen, esou de Jean Asselborn. Et kéint ee sech och net hanner dem Wunnengsproblem verstoppen, mee et misst ee kucken, datt déi Leit d'Sprooche léieren an op den Aarbechtsmaart kommen.

Hie géif et awer net fäerdegbrénge fir de Leit d'Messer op d'Broscht ze setzen an hinnen ze soen, si missten elo schaffen oder sech eng Wunneng sichen, fir si da spéider erauszegeheien. "Dat geet jo och net", esou den Ausseminister.

Strukture musse renovéiert ginn

Fakt ass, datt d'Foyere voll sinn. De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei erkläert, datt ee Grond heivir ass, datt eng Rëtsch vun den Zëmmeren net disponibel si "pour raison d'état de vétuste": "Dat heescht, mir schwätzen hei net emol iwwer nei Strukturen, déi misste geschafe ginn, mee och iwwer Strukturen, déi dréngend misste renovéiert ginn, déi missten a mënschewierdeg Konditioune versat ginn."

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler bedauert, datt an de leschte Jore ganz wéineg Plazen dobäi komm sinn, well d'Projete vun der Regierung net weiderkomm wieren. "Do musse mir kucken, wat d'Regierung an den nächste Méint proposéiert fir deen do Problem an de Grëff ze kréien." Et misst een déi néideg Capacitéit prett hu fir déi Migratioun an de Grëff ze kréien, soss géif een am Land e Problem kréien.

ADR: Wunnengen net prioritär u Flüchtlinge verginn

D'Refugiée géifen den Drock op de schonn ugespaante Lëtzebuerger Wunnengsmaart weider verschäerfen, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser gemengt. Hie kritiséiert, "datt nei Wunnengen dacks ebe vläicht prioritär esouguer un Demandeurs de protection international oder u Leit, déi e Statut hunn, vergi ginn". Dat wier an der Vergaangenheet bei verschiddenen Organisatiounen op verschiddene Plaze geschitt, an dat kéint zu Spannunge féieren. "Dat ass keng gesond Evolutioun."

Den ADR-Deputéierte fuerdert dofir Transparenz, an "datt eng Lëscht gemaach gëtt, wou all d'Leit drop kommen, déi eng Wunneng gefrot hunn, déi d'Kritären erfëllen, datt jiddweree kann novollzéien, wéi déi Wunnenge verdeelt ginn an ebe just Spannunge verhënnert ginn."

Shuk kritt méi Moyenen

D'Capacitéite vum Shuk, vun der Opfaangstruktur um Kierchbierg fir Demandeurs d'asile, déi ënner d'Dublinreegele falen, an zeréck an dat EU-Land geschéckt solle ginn, wou si als éischt ukomm sinn, gëtt vun 150 op 200 Better an d'Luucht gesat, huet den Ausseminister Jean Asselborn ugekënnegt. "Dat brauche mir am Moment. Ech soen net, datt eis Capacité d'accueil iwwerschratt ass, mee eis Capacitéit vun der Installatioun d'accueil, déi sinn am gaangen un eng Limite ze kommen."

Woubäi de Koalitiounsaccord sengersäits virgesäit, datt de Shuk um Kierchbierg ganz zougemaach gëtt, an duerch eng permanent hallef-oppen nei Struktur ersat gëtt.

Et gi weider Leit zeréck an Italie geschéckt

Lëtzebuerg schéckt trotz Kritik vun ONGe weiderhi Flüchtlingen zréck an Italien. Et géif awer genee gekuckt ginn, ob keng vulnerabel Fäll drënner sinn, seet de LSAP-Deputéierte Marc Angel:

"Leit, déi a Libye waren, déi do torturéiert gi sinn, déi Schlëmmes matgemaach hunn. Et gëtt au Cas par Cas gekuckt, wien zeréck an Italien geschéckt gëtt. Do gëtt e ganz geneeë Screening gemaach, do gëtt mat ONGen zesummegeschafft, do gëtt mat Dokteren zesummegeschafft. Et ass dat, wat de Minister eis do gesot huet."

978 Persoune kruten 2018 de Flüchtlingsstatut accordéiert. Dorënner virun allem Syrer, Eritreër an Iraker. 36 net begleet mannerjäreg Flüchtlingen hunn zu Lëtzebuerg eng Demande op Asyl gestallt. Am Kader vun der Dublin-Prozedur goufen 289 Persounen transferéiert. Dorënner 42 an Italien.