Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Staatsfinanze geet et gutt"

Staatsbudget

"De Staatsfinanze geet et gutt"

De Jean-Claude Reding gesäit de Budget fir 2017 positiv. De President vun der Chambre des Salariés betount, d'Staatsfinanze geséiche gutt aus. Déi Analys hätt d'CSL awer scho virum Spuerpak gemaach. De Jean-Claude Reding steet iwwerdeems hannert der Kandidatur vum Henri Grethen fir President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess ze ginn.

auto_stories

4 min

De Jean-Claude Reding ass President vun der Chambre des Salariés

De Budget fir 2017 géif d'Analys vun der Chambre des Salariés confirméieren, datt et de Staatsfinanze gutt geet, betount de Jean-Claude Reding. Et géif ëmmer ee ganz negatiivt Bild vum Staatsbudget gemoolt ginn. Am Endeffekt wier dat awer net berechtegt, seet de President vun der Salariatskammer. Netto wiere bal keng Scholden do an de Wuesstem vun de Recette wier staark.

"Eigentlech wier de Spuerpak vun der Regierung iwwerflësseg gewiescht", ënnersträicht de Jean-Claude Reding. Dat wéilt de Finanzminister natierlech net soen. "Wann een als Politiker eppes mécht, muss ee sech duerno och erklären, datt dat dat Richtegt war." Net d'Spuermesure wiere fir déi gutt Staatsfinanze responsabel, mee et wier scho virdrun eng gutt Basis do gewiescht, betount de Jean-Claude Reding.

Zefridde mam Budget

D'Chambre des Salariés begréisst de Budget fir dat nächst Joer. D'Steierreform, d'Investissementer an den Ëmschwong a punkto Sozialleeschtunge géifen an déi richteg Richtung goen. Et wier richteg, datt géifen Investissementer gemaach ginn, betount de Jean-Claude Reding. Och wann den Defizit beim Zentralstaat sech doduerch géif vergréisseren. "Et muss ee kënne Scholde maachen, fir an der Zukunft eppes ze hunn, soss huet keen eppes."

De Jean-Claude Reding ënnersträicht, et wier falsch, datt vill aner europäesch Staate géifen eng Austeritéitspolitik bedreiwen a wéineg investéieren. Datt de Staatsbudget op positive Wuesstemsprognose vu 4,6 Prozent fir d'nächst Joer berout, relativéiert hien: Et wier ëmmer ee Risiko do, mee "wann den Himmel erof fält, da muss ee reagéieren."

Am Budget 2017 soll d'Staatsschold op eng Milliard klammen. Dat mécht 23,6 Prozent vum PIB aus. Et kéint een awer net nëmmen den Zentralstaat kucken, esou de CSL-President. D'Scholde géife par rapport zum Produit intérieur brut kaum an d'Luucht goen. Wat d'Investissementer ubelaangt, misst d'Salariatskammer awer nach d'Detailer analyséieren, mee wat ugekënnegt wier, géif gutt kléngen. Wann allerdéngs an den Aarbechtsmaart géif investéiert ginn, dann dierft et net an eng Richtung goen, déi den Entreprisen nëtzen, mee de Salariéë schuede géif, gëtt de President vun der Salariatskammer ze bedenken. Et misst gekuckt ginn, datt d'Leit bei de Verännerungen an der Wirtschaft matgeholl géife ginn.

Eenzeg d'Steierreform kritiséiert de Jean-Claude Reding: D'Individualbesteierung wier bürokratesch a komplizéiert a besonnesch d'Besteierung vun de Frontaliere wier onkloer. Mee dat wier Detailkritik. Am grousse ganze begréisst d'CSL datt duerch d'Steiererliichterungen ee Retour un d'Leit kéim.

Ënnerstëtzung fir den Henri Grethen

De President vun der Chambre des Salariés, deen och am Verwaltungsrot vun der Spuerkeess ass, stellt sech hannert den Henri Grethen. De fréieren DP-Wirtschaftsminister huet kandidéiert fir President vum Spuerkeess-Verwaltungsrot ze ginn. Bis elo huet d'Europäesch Zentralbank dem Henri Grethen seng Kandidatur fir dëse Posten awer nach ëmmer net accordéiert. No engem Gespréich am September mam sougenannten "supervisory Board" vun der EZB, sot den Henri Grethen kierzlech, hien hätt ee schlecht Gefill.

De Jean-Claude Reding betount, et misst een dem Henri Grethen seng laangjäreg Beruffserfarung unerkennen. "Ech hunn e bëssen e Problem, wann d'Leit just par rapport zu hirem akademeschen Titel consideréiert ginn." D'Spuerkeess géif e kloren Ënnerscheed maachen, tëscht de Befugnisser vun der Direktioun an dem Verwaltungsrot. An alle Banke wieren zum Beispill och Vertrieder vum Personal Conseil d'administration. "Wann en Informatiker vum Betrib dohi gewielt gëtt, dann ass hien net Banquier. Dierf hien dann net méi do dra goen, fir d'Interessie vun de Salariéen ze vertrieden?"

Et misst natierlech kontrolléiert ginn, datt d'Dagesgeschäfter vu qualifizéierte Leit gemaach géife ginn. Mee, "ech wënsche mir, datt dat bei der Zentralbank zu Frankfurt och de Fall ass, well 2008 hu si hir Missioun net erfëllt." Vum Henri Grethen sengem Wiessel hänkt och den Depart aus der Regierung vum Nicolas Schmit of. Den LSAP Aarbechtsminister wëll den Henri Grethen bei der europäescher Cour des Comptes ersetzen.

D'Rifkin-Etude

De Rapport vum amerikaneschen Ekonomist Jeremy Rifkin fir méi eng nohalteg Wirtschaft am digitalen Zäitalter zu Lëtzebuerg gëtt den 14. November virgestallt. D'Chambre des Salariés war net invitéiert ginn, fir bei där Etude matzeschwätzen. De Jean-Claude Reding, schléisst awer net aus, datt een an Zukunft wéilt mat diskutéieren. Hien hofft, datt d'Regierung eng entspriechend Plattform schaaft, "Et ass net ze spéit fir et erëm gutt ze maachen." Et wier ee prett fir Saachen ze soen an d'Salariatskammer géif selwer um Volet "Zukunft vun der Aarbecht" schaffen.