Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Staatsminister verstoppt sech hannert dem Secret"

Staatstrojaner

"De Staatsminister verstoppt sech hannert dem Secret"

De Gast Gibéryen ass dovun iwwerzeegt, datt de Premier den Asaz vun Trojaner duerch de SREL nom Regierungswiessel nees agefouert huet. Dem Xavier Bettel seng Äntwert op eng parlamentaresch Fro ass der ADR ze onpräzis.

auto_stories

2 min

Gast Gybérien

D'SREL-Gesetz géif et net erlaben, Informatiounen doriwwer ëffentlech ze maachen, wéini de SREL eng Software agesat huet fir Geräter vu Verdächtegen op Distanz z'iwwerwaachen. Dat äntwert de Premier op eng parlamentaresch Fro vum Gast Gybérien.

Doriwwer wonnert sech den ADR-Deputéierten. "De Staatsminister verstoppt sech hei an de fundamentale Froen hannert dem Secret." Wann de Xavier Bettel just keng Detailer doriwwer ginn hätt, ob den Trojaner bei Firmen oder Privatpersounen agesat gi wär, hätt een dat verstanen. Awer datt de Secret beim Prinzip géif invoquéiert ginn, kéint een net acceptéieren.

D'ADR wollt ënner anerem wëssen, ob de fréieren CSV-Premier Jean-Claude Juncker den Asaz vum Staatstrojaner effektiv gestoppt hat, sou wéi hien dat am Januar 2013 virun der SREL-Enquêtekommissioun gesot huet. An ob d'Instrument deemno eréischt nom Regierungswiessel nees agesat gouf. Och dorobber gëtt et keng präzis Äntwert. Dat géif d'ADR zur Iwwerzeegung bréngen, datt de Xavier Bettel den Asaz vum Trojaner nees agefouert hätt, sou de Gast Gibéryen.

Neit Gesetz Beweis fir Lacunnen am Alen

Präziséiert gëtt an der Äntwert vum Staatsminister, datt d'Software just fir d'Iwwerwaache vun digitaler Kommunikatioun agesat gëtt. Deemno wier se konform zu de Bestëmmungen aus dem Code d'Instruction Criminelle. Aner Inhalter op Computere wieren net duerchsicht ginn. Dat wier esou och explizit an de jeeweilegen Autorisatioune vun der Justiz definéiert ginn.

Wann alles legal gewiecht wier, firwat gouf dann déi legal Basis dann duerch d'Geheimdéngschtreform geännert, freet sech de Gast Gibéryen. "Eleng d'Tatsaach, datt et an engem neie Gesetz präziséiert ginn ass, ass de Beweis dofir, datt dat aalt Gesetz net präzis war, a sécherlech juristesch Lacunnen huet." Juristen hätten der ADR gesot, datt den Trojaner opgrond vum ale Gesetz net zoulässeg gewiescht wär.

Och d'Fro ob d'Dispositioun fir den Asaz vum Staatstrojaner am neie Geheimdéngschtgesetz präzis genuch ass, wéilt d'ADR elo nach emol ënnert d'Lupp huelen, esou de Gast Gibéryen.


De Bäitrag vum Pia Oppel vum 26. Juli

Reaktioun ADRplay_arrow