Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Stand nom zweeten Dag vun de Verhandlungen

Tripartite

De Stand nom zweeten Dag vun de Verhandlungen

No dem zweeten Dag vun den Tripartite-Verhandlungen gëtt et nach keen Accord. D'Negociatioune ginn haut um 10h00 weider, mat enger méiglecher Pressekonferenz scho vun 11h00 Auer un. Wat ass de Stand vun den Verhandlungen nom zweeten Dag?

auto_stories

3 min

Foto: SIP / Luc Deflorenne

Méi wéi eelef Stonne laang souz d'Regierung e Méindeg mat de Gewerkschafts- a Patronats-Vetrieder zesummen, um zweeten Dag vun den Tripartite-Verhandlungen am Schlass zu Senneng. En Accord gëtt et nach net.

Nach keng Detailer iwwer proposéiert Energiepräis-Deckelung

Op Detailer iwwer d'Deckelung vun den Energiepräisser, déi d'Regierung proposéiert huet, muss een och nach waarden.

Den Direkter vum Statec, Serge Allegrezza, hat e Méindeg de Moien nei Zuelen a Berechnungen mat an d'Tripartite bruecht. Mee op wéi engem Niveau Energiepräisser solle gedeckelt ginn, a wat dat de Staat kaschte géif, ass ëmmer nach net gewosst.

Déi Energie-Präis-Brems soll, wéi de Premier sot, éischtens eng Direkt-Hëllef si fir d'Leit a fir d'Betriber. A si soll d'Inflatioun bremsen an esou Drock aus dem Index huelen, also verhënneren, datt dëst an d'nächst Joer bis zu fënnef Index-Tranchen kéinten erfalen.

Gewerkschaften a Patronat si sech net eens

De Premier Xavier Bettel wollt awer och gëschter Owend nach näischt Konkretes iwwer dës Mesure soen, de Fait wier, hie wéilt e ganze Pak duerchkréien wou den Index an eng "Energie-Brems" dra wieren.

Et wieren och weider Informatioune vu Regierungssäit néideg, déi sollen den Dënschdeg de Moie bei der Suite vun de Verhandlungen disponibel gemaach ginn. An d'Gewerkschaften hätten eng "Bedenkzäit" ugefrot.

E Sonndeg hat de Premier gesot, d'Gewerkschaften an d'Patronat wieren sech, wéi sou dacks virdru schonn, beim Index iwwerhaapt net eens. Gëschter Owend huet de Xavier Bettel de Gruef e bësse méi nuancéiert beschriwwen: Et wieren nach Diskussiounen a Prezisiounen déi misste gekläert ginn.

Sozialpartner gi keng Detailer bekannt

Wat genee d'Positioune vun de Sozialpartner sinn, gouf een e Méindeg net gewuer. De Premier sot, et hätt ee festgehalen, datt een net géif iwwer Detailer schwätzen well jiddereen nach eng Bedenkzäit bräicht.

D'OGBL-Presidentin Nora Back huet sech wéi si erauskoum, och doru gehalen. Just zur Fro, ob dann elo d'Deckelung vun den Energiepräisser de Knackpunkt ass, oder awer éischter den Index, huet si duerchblécke gelooss:

"C'est certain que ça tourne au Sujet de l'Indexation."

Premier wëll kee Bipartite Akkord

De Xavier Bettel huet widderholl, wéi wichteg et wier, datt an dëser Kris en Akkord fonnt gëtt, an huet ënnerstrach et wier irresponsabel, wann dëst net géif geschéien.

Dobäi huet de Premier awer betount, et soll am Ideal-Fall natierlech en Akkord zu dräi sinn:

"Ech wëll och kee Bipartite Akkord, ech wëll en Tripartite Akkord, dat heescht, datt d'Sozialpartner do mat um Dësch sëtzen, a mir net eleng mat deem engen oder aneren ënnerschreiwen, an do sinn ebe nach Negociatioune néideg."

Negociatioune ginn haut en Dënschdeg weider

D'Negociatioune ginn haut um Dënschdeg um 10h00 Auer virun. Eventuell kéint et da séier goen: d'Press gouf scho fir 10h30 Auer geruff, mat enger méiglecher Pressekonferenz scho vun 11h00 Auer un, a spéitstens géint 15h00, 16h00 Auer de Mëtteg.

De Premier sot, hie géif hoffen, datt en Dënschdeg ee prinzipiellen Akkord kann annoncéiert ginn, éier hien op New York reest. Wa net ginn d'Verhandlunge viraussiichtlech d'nächst Woch en Donneschdeg weider.