Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Commerce op Käschte vun de Mënscherechter?

Handelspolitik

Commerce op Käschte vun de Mënscherechter?

Muss d'EU d'Mënscherechter a Westsahara beim Handelsofkommes mat Marokko a betruecht zéien? Mat där Fro setzt sech den EU-Geriichtshaff de Moment auserneen. Verschidden Observateure fäerten, datt d'EU sech iwwert een Uerteel wäert ewech setzen.

auto_stories

3 min

Juan Soroeta (spuenesche Westsahara Expert). Muhammad Khadad (Vertrieder Polisario-Front) a Gilles Devers (Affekot Polisario-Front)

Zënter 1976 besetzt Marokko zwee Drëttel vum ëmstriddenen Territoire "Westsahara", enger fréierer spuenescher Kolonie. Marokko huet eng Mauer vun 2.700 Kilometer ronderëm d'Gebitt opgeriicht, dat et als Deel vum marokkanesche Kinnekräich ugesäit. Eng Minoritéit vu Staate weltwäit erkennen en onofhängegt Westsahara un.

Dem internationale Recht no hätt dierft d'Vollek a Westsahara sech selwer bestëmmen, seet de franséischen Affekot Gilles Devers. Hie setzt sech fir d'Rechter vun de "Sahraoui" an. "2016 ass den Territoire deen eenzegen, deen nach net entkoloniséiert ass." Marokko refuséiert e Referendum iwwert d'Selbstbestëmmung z'organiséieren.

"D'EU ënnerstëtzt d'Exploitatioun"

Den Territoire wier fir Marokko opgrond vu sengen natierleche Ressourcen interessant, seet de Mohamed Khaddad vun der Polisario-Front. Déi national Fräiheetsbewegung vertrëtt de Westsahara op internationalem Niveau. "Den Territoire huet e grousst wirtschaftlecht Potential, mat grousse Phosphat-, Gas- a Pëtrolsreserven, Eisenäerz, an och d'Fëscherei ass e wichtegt Element", sou de Khaddad.

Marokko ass e wichtegen Handelspartner vun der Europäescher Unioun. 65% vun de marokkaneschen Exporter ginn an Europa. 2012 hunn d'EU a Marokko e Fräihandelsofkommes ofgeschloss, dat den Territoire vum Westsahara mat abezitt. Wann d’EU also Tomaten aus Marokko importéiert, dierfen dës och aus dem Westsahara kommen. Dobäi gëtt déi marokkanesch Souveränitéit iwwert de Westsahara vu kengem Land op der Welt unerkannt. D'Polisario-Front kritiséiert, duerch den Handelsaccord géif d’EU d’Exploitatioun vun de Ressourcen am Westsahara ënnerstëtzen.

Virum EU-Geriichtshaff

D'Polisario-Front huet den Handelsaccord virun den EU-Geriichtshaff bruecht. D'Riichter um Kierchbierg hunn am Dezember 2015 deen Deel vum Ofkommes annuléiert, dee sech op de Westsahara bezitt. Et wier net grëndlech genuch ënnersicht ginn, ob d’Exploitatioun vun de Ressourcen net zu engem Verstouss géint d'Rechter vun de Sahraoui féiert. Den EU-Conseil, deen d'Memberstaate vertrëtt, huet dat Uerteel a Fro gestallt.

Mussen d'Mënscherechter a Westsahara am Fall vun engem Handelsaccord a betruecht gezu ginn? Dorëms goung et den 19. Juli virum EU-Geriichtshaff. Den EU-Parlamentarier Klaus Buchner, Member vun der parlamentarescher Mënscherechtskommissioun, huet d’Geriichtsverhandlunge suivéiert. Senger Meenung no hätt Marokko "enorm Mënscherechtsverletzungen" am Westsahara ze verschëlden, déi awer net thematiséiert géife ginn. "Mënsche verschwannen a Prisongen. Se ginn ëmbruecht a gefoltert. Laanscht d'Mauer, déi d'Gebitt ëmschléisst, goufe Minne gesat." Iwwert all dat wier net geschwat ginn. "Et ass schlëmm, datt d'Fro no Mënscherechtsverletzungen iwwerhaapt muss gestallt ginn".

"D'Uerteel wäert net respektéiert ginn"

Wéi d'Handelsofkommes d'lescht Joer an éischter Instanz annuléiert gouf, huet sech wéi et schéngt um Terrain net vill geännert, mengt den Erik Hagen vun der ONG Western Sahara Ressource Watch."Der EU-Chefdiplomatin no huet d'Unioun net wëlles, d'Uerteel vum EU-Geriichtshaff ze respektéieren." D'Exporter aus Westsahara sinn, wéi et ausgesäit, weidergelaf. Des weideren hätten d'Konsumenten an Europa keng Méiglechkeet, fir ze kontrolléieren, ob d'Produkter, déi si kafen, aus Westsahara kommen. Sollt den EU-Geriichtshaff nom Pourvoi décidéieren, dat éischt Uerteel ze konfirméieren, mussen um Terrain Kontrollmesuren agefouert gi fir z'ënnersichen, ob sech déi verschidden Acteuren och un d'Uerteel halen.

Weder déi marokkanesch Autoritéiten nach den europäesche Conseil wollten op Nofro hi Stellung huelen.