Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Supercomputer MeluXina feiert säin éischte Gebuertsdag

Wëssenschaft

De Supercomputer MeluXina feiert säin éischte Gebuertsdag

Virun engem Joer gouf de Supercomputer MeluXina zu Biissen ageweit. Seng Missioun ass et, Entreprisen ze hëllefe méi séier a méi sécher ze schaffen. Domat ass dësen héichperformante Computer anescht wéi vergläichbar Maschinnen am Ausland, well e vu Betriber aus dem Privatsecteur genotzt ka ginn, an net just fir Fuerschungszwecker. De Mëttwoch gouf den éischten Anniversaire vum Supercomputer gefeiert.

auto_stories

3 min

De MeluXina gëtt net nëmme fir Fuerschungszwecker gebraucht, mee e soll och Entreprisen dobäi hëllefen, méi séier a méi sécher kënnen ze schaffen, seet de Roger Lampach, de Chef vu LuxProvide, där Firma, déi de Lëtzebuerger Supercomputer bedreift.

De MeluXina kann 18 Millioune Milliarde Rechenaufgabe pro Sekonn léisen, a gehéiert sou zu deene 50 performantste Supercomputer op der Welt. Den Interessi aus dem Privatsecteur, fir de MeluXina ze notzen, wier deementspriechend grouss, sou de Roger Lampach.

Effektiv géif et Kontakter gi mat méi wéi 200 Firmen aus 15 verschiddene Beräicher, an den Ament géingen iwwer 60 Projeten um MeluXina lafen.

Héichperformant fir eng méi grouss a méi staark Connectivitéit

De Satellittebedreiwer SES ass ee vun deene Lëtzebuergesche Betriber, déi de MeluXina elo scho fir hir Zwecker notzen. D'Ufuerderungen am Beräich vun der Connectivitéit géifen exponentiell an d'Luucht goen, seet de Ferdinand Kayser, de strategesche Beroder vum CEO vun der SES. Haut bräichte beispillsweis all déi grouss Schëffer Internet, an den USA wier den Internet och Standard an de Fligeren.

Dës Ufuerderunge brénge mat sech, datt méi eng grouss Bandbreet a méi e staarkt Signal gebraucht gëtt. Dofir gëtt den Ament eng nei Generatioun vu Satellitte gebaut, déi sougenannten o3b mPower-Satellitten, wouvun der op d'mannst sechs nach dëst Joer sollen an den Orbit geschoss ginn, preziséiert de Ferdinand Kayser. Déi funktionéieren awer mat esou enger komplexer Software, datt se net méi kënne vun Hand geréiert ginn.

"Fir eis ass et elo wichteg, déi Software mat deenen Algorithmen um MeluXina ze testen, ze simuléieren an ze optimiséieren [...] éier déi nei Satellitten a Betrib geholl ginn, ier Clienten um Satellit sinn an ier iergendwellech Glitchen zu enger Interruptioun féieren."

Risiken am Beräich vum Klima erkennen

De MeluXina gëtt a verschiddene Beräich agesat, wéi zum Beispill och am Beräich vum Klima. D'Startup RSS Hydro benotzt de MeluXina fir hir Héichwaassersimulatiounen an héijer Resolutioun opzestellen, erkläert de de Guy Schumann, de Chef vun dëser hydro-meteorologescher Firma. Aus deene Berechnunge kënne Risike fir Plazen a Leit definéiert ginn, déi verschiddene Risiken exposéiert sinn.

Dëst wier och wichteg am Bezuch op de Klimawandel, speziell wéi verschidde Risike sech an den der Zukunft entwéckelen. Anescht wéi bei de regulären Héichwaasserkaarte kéinten d'Berechnunge vun RSS Hydro duerch de MeluXina iwwerdeems op d'Besoine vum Client zougeschnidde ginn, sou de Guy Schumann.

En nohaltege Supercomputer

Ee weidere wichtege Faktor vum Supercomputer ass seng Nohaltegkeet, ënnersträicht de Ferdinand Kayser vun der SES. Dëst wier hautdesdaags e wichtege Krittär fir d'Clienten. De MeluXina funktionéiert komplett mat erneierbaren Energien a gehéiert zu deene 15 gréngsten High Performance Computeren op der Welt.

Fir sech mat der Notzung vum Lëtzebuerger Supercomputer vertraut ze maachen, steet de Betriber iwwregens en nationale Kompetenzzenter als Beroder zur Säit. Dësen Zenter gëtt vu LuxProvide, LuxInnovation a vun der Uni Lëtzebuerg geréiert.