Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Virus zirkuléiert nees"

Pressekonferenz nom Regierungsrot

"De Virus zirkuléiert nees"

D'Zuele sinn déi lescht Woch méi "spronghaft" eropgaangen, esou d'Paulette Lenert. D'Gesondheetsministerin seet, wann dat esou weidergeet, wéisst ee wat dat spéider fir d'Spideeler bedeit. Deen Effekt géif ëmmer mat gewësser Verspéidung antrieden. Et kéint ee "lues a lues vun enger Tendenz schwätzen".

auto_stories

3 min

Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Déi méi positiv Tester wieren net op déi méi héich Unzuel un Tester zeréckzeféieren. Soss hätten d'Neiinfektiounen och schonn éischter missen uklammen. Och de List hätt am Ofwaasser festgestallt, datt de Virus nees méi kurséiert. "Lo muss een oppassen, datt de Virus net ausufert", esou d'Paulette Lenert.

Verschidden Infektiounsclusteren, mee och Eenzelfäll

Op verschiddene Plazen hätte sech méi Leit ugestach: Op enger Party, an zwou Firmen (eng Kéier fënnef, eng Kéier zéng Fäll), esou d'Paulette Lenert. Fir de Rescht géifen et isoléiert Fäll ginn: Zum Beispill op verschiddene Vollen aus dem Ausland op Lëtzebuerg.

Et hätte sech Enn Juni awer och 24 Leit op enger Party infizéiert. Och a Schoule hätt et Eenzelfäll ginn, et gëtt och e Fall, wou sech véier Schüler an enger Klass infizéiert hunn.

Et wier net einfach all d'Kontakter vun deene Leit ze retracéieren, esou d'Gesondheetsministerin. Trotzdeem gesi weder de Premierminister nach d'Gesondheetsministerin momentan de Besoin fir eng Tracking-App anzeféieren.

Den Dënschdeg goufe 5.960 Tester gemaach, 46 Tester si positiv ausgefall, et ginn zwou nei Hospitalisatiounen, et leie nach ëmmer zwou Persounen op der Intensivstatioun. Et bleift weider bei 110 Doudesaffer, esou de Premier.

Nei Gesetzestexter mat Restriktiounen an der Preparatioun

Et wéilt een der Populatioun viru vertrauen an op Eegeninitiativ setzen, esou de Premier Xavier Bettel, mee et géif een och eng Augmentatioun vun den Zuele feststellen. Gréisstendeels wier déi Augmentatioun dorop zeréckzeféieren, datt am private Beräich a vereenzelt am Nuetsliewen d'Reegelen net respektéiert goufen. D'Police hätt an zéng Fäll Protokoller geschriwwen.

Dofir misst een elo antizipéieren an dofir suergen, datt een d'Efforte vun de leschte Méint net fir näischt gemaach hätt, esou de Xavier Bettel. D'Regierung géif dofir am Moment en neien Text ausschaffen, deen och nees Obligatiounen an net just Recommandatioune virgesäit.

Am private Beräich sollen an Zukunft Reegele gëllen, esou de Regierungschef. Grouss Fester wiere méiglech, mee et dierfte just Dëscher vu maximal zéng Leit ginn an et misst een eng Mask undoen, wann ee sech beweegt oder wann d'Distanz tëschent de Leit net grouss genuch wier.

Déi nei Gesetzestexter sollen esou séier wéi méiglech an der Chamber deposéiert ginn, esou de Premierminister. De Xavier Bettel hofft, datt de Staatsrot d'Texter net iwwer formell Oppositioune wäert blockéieren.

"Loosst Iech testen"

De Regierungsrot huet eng Verlängerung vum Large Scale Testing decidéiert, esou d'Gesondheetsministerin. An där éischter Phas wiere 15 Prozent vun der Populatioun getest ginn. An där zweeter Phas géif d'Testcapacitéit "oprecht erhale bleiwen", mee et géif méi geziilt getest ginn.

Vun den 191.000 Tester déi bis haut gemaach goufen, wieren 115.000 Tester am Kader vum Programm vum Large Scale Testing gewiescht. 24 Prozent vun de Leit, déi invitéiert waren, hätte matgemaach.

D'Tester am grousse Stil sollen iwwer Enn Juli eraus virugeféiert ginn. D'Ausschreiwung wier an der Preparatioun. Et soll méi gezielt getest ginn an d'Tester kéinte bis de Februar 2021 virugoen. Wéi d'Capacitéite sech wäerten entwéckelen, konnt d'Gesondheetsministerin net soen.