De Wahlprogramm vun déi Gréng

“Méi Gréng. Méi Verantwortung”. Dat ass den Titel vum Wahlprogramm deen déi Gréng de 14. September op hirem Kongress zu Leideleng eestëmmeg ugeholl hunn. Op 85 Säiten sinn d’Propose vun déi Gréng zesummegefaasst. Et geet drëm d’Zukunft ze sécheren, eng gesond Ëmwelt ze präservéieren, d’Verantwortung an Europa z’iwwerhuelen, an d’Demokratie z’erneieren.

Déi Gréng wëllen iwwerdeems den net-moduléierten Index-Mechanismus rëm aféieren. Bei zukünftegen, aussergewéinleche Krisesituatioune misst di automatesch Upassung vun de Léin awer kennen ausgesat ginn, nodeems dat mat de Sozialpartner verhandelt ginn ass, esou déi Gréng an hirem Wahlprogramm.

Lauschtert de Bäitrag vum François Aulner:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen