“De warm-satt-sauber Modell geet net duer”

D'Depensen am Fleegesecteur wuesse méi séier wéi d'Zuel vun de Leit. Gläichzäiteg soll gespuert ginn. D’Netty Klein, Generalsekretärin vun der COPAS, fuerdert och an Zukunft eng qualitativ héichwäerteg Fleegeversécherung.

20150924-Klein-1009257

“Am Fleegesecteur musse miessbar Qualitéitscritèren agefouert ginn, déi kontrolléiert ginn. Da lafen d’Käschten och net esou fort”, seet d’Netty Klein d’Generalsekretärin vun der COPAS, dem Dachverband vun de Prestatairen am Beräich vun der Fleeg.

D’Depensë wuessen aktuell méi séier wéi d’Zuel vu betreite Leit. Aktuell sinn 13.000 Persounen als fleegebedürfteg agestuft a profitéiere vun der Fleegeversécherung. D’Regierung hat am Summer déi grouss Linne vun enger Reform vun der Fleegeversécherung virgestallt. Esouwuel d’Depense wéi och d’Recettë vun der “Assurance dépendance” sollen nei opgestallt ginn. An de nächste Woche wëll de Sozialminister Detailer bekannt ginn.

Am Viraus plangen

“Falls finanziell Aschnëtter kommen, wëlle mir informéiert ginn”, esou d’Generalsekretärin vun der COPAS. “Fir de Secteur ass et schlecht, wéi et elo de Fall war, datt sech net preparéiert konnt ginn.” Et misst ee laang am Viraus kënne plangen. Am Spuer- a Steierpak vun der Regierung ass virgesi fir bei der Fleegeversécherung bis d’Joer 2018 44 Milliounen Euro an ze spueren.

Déi Leit, déi di läscht zwee Joer nei an “d’Assurance dependance” era komm sinn, hätten duerchschnëttlech e manner favorabele Fleegeplang accordéiert kritt, seet d’Netty Klein.

Liewensqualitéit a Preventioun

Dem Gesetz no couvréiert d’Fleegeversécherung déi essentiell Liewensaktivitéiten: Kierperfleeg, Iessen a Bewegung. D’Prestatairen offréieren awer méi. Et sinn déi sougenannten “activités de soutien” déi d’Käschten explodéieren doen. Fir d’Generalsekretärin vun der COPAS dierft dee Beräich net vun der Fleegeversécherung lassgekoppelt ginn.

“Mir mussen an eng Richtung goen, datt déi Kapazitéiten, déi eng flegebedürfteg Persoun nach huet, och wierklech erhale ginn. An net an eng Richtung wou Kompetenzen net méi do sinn an, datt mir dat einfach opfëllen”, seet d’Generalsekretärin vun der COPAS. Fir d’Netty Klein leit dofir bei der Fleeg, den Haaptakzent am Encadrement, fir d'Kompetenzen déi d’Persoun nach huet, ze förderen.

Audio:
nvitée vum Dag, 24. September 2015. D'Netty Klein um Mikro vum Mick Entringer.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen