De Wee ass fräi fir Blo-Rout-Gréng Regierung

D'Parteigremien vun DP, LSAP an déi Gréng hunn den Owend de Koalitiounsaccord validéiert. Am Direktiounscomité vun der DP gouf et 40 Jo-Stëmmen an zwou Enthalungen beim Vote iwwert den Accord. Bei der LSAP hunn hu sech 14 Memberen vun de ronn 350 Wieler enthal a bei déi Gréng war de Vote unanime.

Wat de Vote iwwert d'Regierungsequipe ugeet war bei der DP de Vote unanime. Bei deene Gréngen hunn 207 Memberen d'Equipe validéiert, 8 waren dogéint an et gouf 3 Enthalungen an ee "vote blanc". Bei der LSAP huet de Partei-Virstand an engem geheime Vote d’Regierungsequipe guttgeheescht.

Di nei Regierung kann also wéi geplangt muer vereedegt ginn. D’Vereedegung vum neie Premier Xavier Bettel duerch de Grand-Duc ass fir Hallwer 4 Mëttes am Palais programméiert.

Am Laf vum Nomëtten an iwwermuer dierf dann och d’"passation des pouvoirs" an den eenzelne Ministere sinn.

Den designéierten zukünftege Premier-Minister Xavier Bettel huet a senger Declaratioun haut nom DP-Comité Directeur zu Bartreng, vun engem ambitiéise Programm geschwat, dee néideg wier fir d’Land

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/SK-DP.mp3"]

 

Um ausseruerdentleche Kongress vun der LSAP sot de Parteipresident Alex Bodry den Owend d’Koalitioun zu 3 wier keen Ongléck. “Et ass déi eenzeg Suite no der politescher Entwécklung an der SREL-Affaire an et ass di logesch politesch Konstellatioun mat 3 Parteien di mateneen a net a Konkurrenz wëllen schaffen", esou den Alex Bodry. De Koalitiounsprogramm deen elo virläit géing och déi 7 Haaptargumenter respektéieren, mat deenen d’Sozialisten an d'Wahle gaang sinn.

"Net géinteneen, mee mateneen ass den Motto vu Gambia", dat woren och d'Wieder vum Etienne Schneider den designéierten Vize-Premier a Wirtschaftsminister.

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/LSAP-CS.mp3"]

 

Um ausseruerdentleche Parteikongress vun déi Gréng huet et den Owend geheescht “All 200 Säiten vum Koalitiouns-Accord hunn e grénge Stempel an de Regierungsprogramm ass mat déif-grénger Tënt geschriwwen”. De Co-President Christian Kmiotek huet betount, datt d’Dräierkoalitioun elo d’Méiglechkeet hätt, fir déi “scleroséiert Strukturen” vum Staat z’erneieren.

Fir déi Gréng Partei, déi dëst Joer hiren 30ten Anniversaire gefeiert huet, ass des éischt Regierungsbedeelegung e besonnesche Moment. De Christian Kmiotek:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/GRENG-PO.mp3"]

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen