Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wee iwwer d'Grenz an d'Ukrain

Ukrain-Krich

De Wee iwwer d'Grenz an d'Ukrain

D'UNO seet, datt elo schonn iwwer 1,5 Millioune Leit d'Ukrain verlooss hunn. Si flüchten an d'Nopeschlänner, an haaptsächlech a Polen. Russesch Ugrëff op ukrainesch Stied wéi Charkiw a Mariupol gi weider, Wafferoue ginn net vu Russland agehalen. Et ass keen Enn vun der russescher Invasioun a Siicht an d'Flüchtlingskris gëtt al Dag méi schlëmm. Eise Korrespondent ass elo an der Ukrain an erzielt, wéi hien iwwer d'Grenz gereest ass.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Op der polnescher Säit gëtt et Iessen, eng waarm Decken, medezinesch Hëllef, an Autoen a Busser, déi waarde fir d'Flüchtlinge weider ze transportéieren. Op der Grenz stinn Autoen aus Polen, mee och aus Groussbritannien, Holland, esouguer Griicheland.

Autoe vu Familljememberen, Frënn, oder esouguer Fräiwëlleger, déi prett sinn, eng Famill bei sech doheem opzehuelen. Et fuere bal keng Autoen an déi aner Richtung, an d'Ukrain - just mir a ganz wéineg anerer.

Mat engem polneschem Auto komme mir un, mat engem ukraineschen Auto muss et weidergoen. Ech brauch een, dee mech mathëlt, an do steet dann en Auto op der Säit vun der Strooss, mat däitschem Nummereschëld.

Mam Mehdi iwwer déi polnesch-ukrainesch Grenz

De Mehdi ass vu Braunschweig, seng Fra sëtzt am Auto, mat hirem ukrainesche Pass, an hirem Mann sengem däitsche Pass am Grapp. Dozou kennt mäi Pass. Hoffentlech wäert deen a meng Wallissen a Kameramaterial si net bei der Grenzkontroll bremsen. Et ass kloer, datt si sech Suerge mécht. Si well esou séier ewéi méiglech iwwer d'Grenz.

Hie schafft bei Volkswagen, hat vill ze dinn, an huet säi Jong elo ee Joer laang net méi gesinn.

Si loosse mech mat iwwer d'Grenz fueren. Esou domm et sech unhéiert, schéngt et ze hëllefen, datt déi polnesch Beamtin mech bei der Passkontroll erkennt. Mir fueren an d'Ukrain, an e Land am Krich. D'Famill huet e Plang:

"Unsere Familie ist durch die Bombardierungen in Gefahr. In den letzten Tagen waren die schlimmsten Raketenangriffe: Häuser, Kindergärten, Altenheime wurden bombardiert. Deswegen kommen wir: Um die Kinder abzuholen. Wir sind schon seit 15, 16 Stunden unterwegs."

D'Fra vum Jong an hir Duechter soll mat zeréck op Braunschweig:

"Aber die anderen sind da. Der Sohn darf das Land nicht verlassen, die müssen zum Krieg. Man sieht sich heute vielleicht zum letzten Mal. Man weiß es nicht."

Dem Jong op der Grenz Äddi soen, seng Fra a Kand ofhuelen - dat ass e Saz, deen de Mehdi an ech laang net vergiesse wäerten. Esou Situatiounen entstinn am Krich an der Ukrain. Männer tëschent 18 a 60 Joer däerfen net flüchten.

Laanscht eng laang Schlaang Autoen

Mir fueren op ukrainescher Säit laanscht honnerte Flüchtlingen. Eng laang disziplinéiert Schlaang vu Leit, déi an deene meeschte Fäll schonn deeglaang ënnerwee sinn, an elo op der Grenz an der Keelt stinn.

De Mehdi fiert bis zum Enn vun enger laanger Schlaang Autoen, dréint ëm, a setzt den Auto mam däitschen Nummereschëld op déi lescht Plaz. Et gesäit aus, wéi wann si stonnelaang waarde musse fir zeréck a Polen. Iergendwann wäert de Jong mat der Famill ukommen. Fra a Kand wäerten an den Auto klammen; hie verschwënnt an déi aner Richtung, an de Krich.

Déi Renconter gesinn ech net. Et ass och vläicht besser esou. Et muss een oppassen net ze vill tragesch Zeenen an engem Dag ze gesinn. Ech waarde bei enger Tankstell op d'Kolleegen. Mir fuere weider Richtung Osten.