Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Will Smith - Gettin' Jiggy Wit It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wielerwëllen zu Schëffleng

Gemengewahlen

De Wielerwëllen zu Schëffleng

An de rezente Koalitiounsverhandlunge verweise Politiker ëmmer erëm op de sougenannte Wielerwëllen. Ënnert anerem wa Koalitiounen ouni déi stäerkst Partei entstoen sollen. Ee Beispill ass Schëffleng, wou aktuell d'CSV an déi gréng a Verhandlungen ouni d'LSAP sinn, obwuel d'Sozialisten déi meeschte Stëmme kruten.

auto_stories

5 min

Zu Schëffleng waren déi lescht sechs Joer d'LSAP an d'CSV an enger Koalitioun am Schäfferot. Buergermeeschter war den LSAP-Politiker Roland Schreiner, deen dëst Joer awer net méi mat an d'Wahle gaangen ass. D'Sozialiste ware mat sechs Sëtz déi stäerkst Partei zu Schëffleng. D'CSV koum op zweet Plaz mat véier Sëtz. No de Gemengewahlen huet d'CSV zwee Mandater dobäi kritt, sou datt si elo genee wéi d'LSAP op sechs Mandater kënnt. D'LSAP krut allerdéngs déi meeschte Stëmmen. D'CSV hätt d'Wahle gewonnen, seet den Zweetgewielten op der CSV-Lëscht, de Paul Weimerskirch:

"Ech wëll net soen, datt mir einfach aus deem Resultat do elo e Wielerwëllen erausgelies hunn, mä mir hunn e Resultat erausgelies, wou ee seet, do ass eng Méiglechkeet fir déi Politik, déi mir maachen, a si huet eng Majoritéit, fir déi kënnen ëmzesetzen."

Et kéint een elo soen, datt dat de Wielerwëllen wier, mä de Paul Weimerskirch géint dat vermesse fannen:

"Genee sou vermessen, wéi ee kéint soen: "Eng Partei déi elo 765 Stëmmen méi huet wéi mir, déi muss elo onbedéngt matgeholl ginn."

D'Spill vun der Demokratie wier et, wann een eng Majoritéit maache kéint, da kéint een déi och maachen.

Den Éischtgewielte vun der LSAP, de Carlo Feiereisen, huet eng aner Interpretatioun vum Wielerwëllen zu Schëffleng. D'Sozialiste wieren déi stäerkst Partei zu Schëffleng, an de Wielerwëllen wier éischter sou ze verstoen, datt déi grouss Koalitioun weidergefouert gi wier. D'CSV an déi gréng géingen dat anescht gesinn. Si hätten u Prozenter dobäi gewonnen a géingen doraus liesen, datt et un hinne wier, Verantwortung z'iwwerhuelen. De Carlo Feiereisen gesäit dat anescht:

"Ech soen, ech sinn nach ëmmer dee Stäerksten, also ass et u mir, Verantwortung z'iwwerhuelen."

De Wielerwëllen: schwéier moossbar

Dem Politik-Wëssenschaftler Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg no wier de sougenannte Wielerwëllen zu Lëtzebuerg schwéier ze moossen. An engem proportionale Wahlsystem, deen e Panachage innerhalb an tëscht de Lëschten erlabe géing, kéint een dat nëmme ganz schwéier moossen. Et kéint ee just staark Wahl-Dynamisme wéi e staarke Réckgang u Stëmmen, oder e staarken Zouwuess u Stëmmen, moossen.

Et misst een deemno analyséieren, wéi eng Wahl-Dynamik aus de Wahlresultater géif ervirgoen. D'Politiker géifen natierlech ëmmer a Konkurrenz matenaner stoen, wiem seng Interpretatioun vun der Wahl-Dynamik méi legitim ass. Et wier éischtens wichteg, datt eng Koalitioun capabel wier, e ganzt Mandat auszeüben. Zweetens misst dës Koalitioun de wichtege Wahl-Dynamisme Rechnung droen, esou de Philippe Poirier.

Méi Bedeelegung vun de Wieler

Et wier zu Schëffleng séier kloer gewiescht, datt d'CSV Sondéierungsgespréicher mat deene Grénge géif féieren, seet de Paul Weimerskirch. Vun der Philosophie hier hätten d'Programmer vu béide Parteien eng staark Gemeinsamkeet.

Hie verweist op d'Wielerbedeelegung, déi sech béid Parteien op de Fändel geschriwwen hunn. Et hätt een déi lescht Jore gutt mam nach-Koalitiounspartner LSAP zesummegeschafft, seet den CSV-Politiker. Mä fréier Initiative vun der CSV, fir d'Wieler méi an de politeschen Entscheedungsprozess mat anzebannen, wiere vun der LSAP, Zitat: "belächelt" ginn.

Den Éischtgewielte vun deene Gréngen, Albert Kalmes, mengt, datt fir d'LSAP zu Schëffleng sech d'Zäiten gewandelt hätten. Hie mengt, datt mat engem gewësse Mentalitéitswiessel zu Schëffleng och eng aner Politik méiglech wier, wéi déi vun de leschten 30 Joer.

Wat iwwerweit bei der Koalitiounsformatioun?

Mä wat iwwerweit da bei der Koalitiounsformatioun? De prinzipielle Wonsch fir Verännerung oder programmatesch Gemeinsamkeeten? Den Albert Kalmes mengt, datt ni eppes ganz schwaarz oder ganz wäiss wier, et wier ëmmer eng Kombinatioun vu béidem. Souwuel dat Programmatescht, wéi och méi prinzipiell Punkte wéi Wiessel an Opbrochstëmmung, géingen do matspillen.

Och zwëschemënschlech Relatioune géifen an d'Koalitiounsformatioun eraspillen, seet de Carlo Feiereisen vun der LSAP. Mä ...

"Et geet net drëm, ob ech elo ee ka leiden oder net, eigentlech soll et ëm e Programm goen, mä ech mengen, datt awer heiansdo och sécherlech déi zwëschemënschlech Bezéiungen eng Roll spillen."

Eng Koalitioun ouni déi stäerkst Partei?

Virun dräi Joer ass no de virgezunnen Neiwahlen op nationalem Plang eng Koalitioun tëscht der DP, deene Gréngen an der LSAP zustane komm. Deemools hat d'CSV un Zoustëmmung verluer, mä ëmmer nach 23 vu 60 méigleche Sëtz kritt.

D'Koalitiounen no de Gemengewahlen dëst Joer wieren awer am grousse Ganzen een taktescht Spill, mengt de Politik-Wëssenschaftler Philippe Poirier. Et wier ee Signal fir d'Wahlkampagnen am Virfeld vun de Chamberwahlen d'nächst Joer. Wat et méi Spannungen an den eenzele Gemenge géing ginn, ëmsou méi Spannunge géing et och an den nächste Méint tëscht de Koalitiounspartner um nationale Plang ginn, mengt de Politolog.

Datt d'Koalitioun am Schäfferot zu Schëffleng viraussiichtlech ouni d'LSAP wäert zustane kommen, wier net fir Revanchismus ze bedreiwen, seet de Paul Weimerskirch. Dat wier senger Meenung no och viru véier Joer net de Fall gewiescht vu Säite vun der aktueller Regierung vis-a-vis vun der CSV.

E Gesetz fir no de Wahlen?

Fir Koalitiounen ouni déi stäerkst Partei z'evitéieren, hat den LSAP-Inneminister Dan Kersch rezent op Facebook fir eng gesetzlech Regelung plädéiert. Allerdéngs huet hie selwer keng wesentlech Ännerunge proposéiert. Et wier richteg, sech Froen iwwert d'Konsequenze vun der Zesummesetzung vu Koalitiounen ze stellen, mengt dozou de Philippe Poirier. A sengen Ae misst d'Wahlgesetz souwuel op nationalem a lokalem Plang reforméiert ginn.

Dofir missten d'Wahl-Modalitéite geännert ginn. De Philippe Poirier bezweifelt awer, datt d'politesch Parteien de Wëllen hätten, fir esou eng Reform unzegoen.