Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wuesstem a seng Kritik

Fräie Mikro

De Wuesstem a seng Kritik

Den ekonomesche Wuesstem, deen emol ugetrueden war fir all gesellschaftlech a politesch Problemer ze léisen, gouf an de leschte Joren ëmmer méi staark als Léisung kontestéiert. An dat längst net méi just vun ekologesche Militanten. Och sëllechen Ekonomiste weisen haut dorop hin, dat esou guer déi wirtschaftlech Problemer längst net all an net ëmmer duerch méi Wuesstem kënne geléist ginn. Wat fir eng aner Léisunge proposéiert eis Politik?

auto_stories

3 min

Wéi an anere Länner och ass hei zu Lëtzebuerg eng Wahlcampagne ouni Wuesstem-Publizitéit onvirstellbar. Obwuel mir hei am Ländchen nach en Wuesstems-Liddchen héieren, dat et esou einfach an esou optimistesch an den Nopeschlänner schonn e puer Joer net méi gëtt.

Wëlle mir de Problem mam Chômage regelen? Dofir brauche mir Wuesstem. Wëlle mir eise Liewensniveau halen? Da brauche mir Wuesstem. A wéi ass et mat der Zukunft vun de Pensiounen? Wuesstem.

Mir brauche Wuesstem

Zesummegefaasst: esou laang de Wuesstem do ass, esou laang kréie mir alles an de Grëff. Dofir soll dann och alles an der Politik fir d'éischt emol op de Wuesstem ausgeluecht sinn. An duerno? Jo duerno, da kucke mir mol ... Mee fir d'éischt emol brauche mir Wuesstem! Léif Wieler, wielt de Wuesstem!

Well, esou d'Formel vum ekonomesche Populismus, wann ee keng Suen huet, kann ee sech och näischt kafen: keng Aarbechtsplazen, keng Pensioun, keen drëtten Auto fir de Summer, kee Vakanzen-Haischen op der Côte d'Azur ... en trist Liewen halt, ouni all Niveau.

Kritiken um Wuesstem

Sécher gëtt et do e puer Kritiken. Zum Beispill déi vun ekologeschen Äifreger; mee deenen ass jo souwisou näischt ze gleewen.

Mee et ginn do och déi Tabellen, an déi faarweg Schemae vun der europäescher Kommissioun - net grad eng subversiv Associatioun vu lénksextremen Öko-Revolutionären - déi weisen, wéi Wuesstem ëmmer direkt mat enger Steigerung vu Millioune vun Tonnen CO2 Emissiounen zesummegeet. An CO2 ass hei just een Indicateur vun enger ganzer Rei vu Problemer.

Et gëtt och déi Tabelle vum Global Footprint Network déi weisen, datt mir mam unhalende Wuesstem schonn zanter 1970 d'Biokapazitéit vun der Äerd rasant iwwerholl hunn.

Prett fir d'Wahlcampagnen

Mee dat alles soll fir eis elo kee Problem sinn. Well aus destruktivem Wuesstem maache mir elo nohaltege Wuesstem, oder grénge Wuesstem.

Wat dat genee heesche soll, oder wéi dat och hei zu Lëtzebuerg goe soll, weess nach keen esou richteg. Mee déi nei Wierder stinn op alle Fall emol scho prett fir d'Wahlcampagnen. Dat mat den neien Iddien, dat kucke mir dann duerno.

An der Woxx vum leschte Freideg fënnt een e liesenswäerten Interview mat zwee Chercheuren iwwer d'Green finance zu Lëtzebuerg. Den Interview léisst een denken, dat deen elegante Begrëff vun der grénger Finanz letztendlech och just eng Fro vu Branding ass.

Widderspréchlechkeet vu gréngen Ambitiounen

An den Artikel vun de Fuerscher, mam amüsanten Titel "Green Financing, Interrupted", seet, a senger ganz behutsamer Conclusioun, datt och wann eppes sech beweegt, d'Widderspréchlechkeet vun de gréngen Ambitiounen eis Politik trotz neie Faarwen dach am ale Wuesstemsmodell hänke léisst.

Esou also wéi ee Luxleaks-Skandaler mat enger schéiner neier niedlecher Duerstellung vum Ländchen aus der Welt schafe kann - en niedleche Robo-Villchen mat Solarzellen amplaz vu Militärsatellitten - esou kenne och déi negativ Konsequenze vum Wuesstem aus den Aen an aus dem Sënn "gebränd' ginn. Mat eng léiwer Couche grénger Faarf.

Den amerikaneschen Ekonomist Kenneth Boulding huet emol gesot: "Wien un onendleche Wuesstem op engem endlechen Planéit gleeft, ass entweder verréckt, oder en Ekonomist." Mir kënnen déi Ausso vervollstännegen: oder e Wuesstems-Politiker oder säi Wieler.

Nohaltegen oder grénge Wuesstem ass och Wuesstem, mat allen negativen Konsequenzen. Dofir bléift och déi gréng Ekonomie vun eisem politesche Marketing just eng Variant vum Virrang vun der Ekonomie iwwer d'Politik.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.