Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debat iwwer Pränataldiagnostik

Chronik

Debat iwwer Pränataldiagnostik

Am Däitsche Bundestag gouf gëschter doriwwer debattéiert, ob an Zukunft Blutttester, déi Trisomie virun der Gebuert ermëttele kënnen, vun de Krankekeese solle bezuelt ginn. Obschonn et eng politesch Majoritéit fir dëse Schrëtt gëtt, wäert den Debat déi däitsch Gesellschaft nach eng Zäit beschäftegen, well hei fundamental Rechter ze kollidéiere schéngen, mengt de Max Tholl.

auto_stories

3 min

"Hutt dir Angscht virun eis?" Sou huet d'Corinna Rüffer vun Die Grünen gëschter am Bundestag d'Aktivistin Natalie Dedreux zitéiert, déi Down Syndrom huet a sech fir ee bessert Verständnis dovun an der Gesellschaft asetzt.

Béid Fraen hunn ee klore Message: Down Syndrom ass keng Krankheet an dierf net esou traitéiert ginn. Datt elo déi däitsch Krankekeese fir e Blutttest sollen opkommen, deen ermëttele kann, ob ee Fötus eng Trisomie huet, gesi béid Frae kritesch. Virun allem, well an Däitschland haut an néng vun zéng Fäll ofgedriwwe gëtt, wann eng Trisomie virläit.

Sollen d'Krankekeesen den Test rembourséieren?

Bis elo hunn d'Krankekeese bei enger Risikoschwangerschaft een Test vum Fruchtwaasser rembourséiert, deen allerdéngs net risikofräi ass an zu enger Feelgebuert féiere kann. Zanter 2012 ass awer de sougenannte Praena-Test um Marché, dee schonn um Blutt vun der Mamm erkenne kann, ob eng Trisomie beim Kand virläit a keng Risike fir de Fötus huet. Dësen Test kascht am Reegelfall 130 Euro.

Wéi de Karl Lauterbach vun der SPD gëschter argumentéiert huet, wier et moralesch net vertrietbar, enger Fra, déi sech dëse risikofräien Test net leeschte kann, de Choix ze huelen. Et dierft keng Fro vum Portmonni sinn. An iwwerhaapt, firwat sollt eng Fra net selwer iwwer hire Kierper entscheeden dierfen?

Den Debat huet eréischt ugefaangen

Hei läit de Konflikt, deen déi zwou Säiten an dëser Fro deelt: soll een Test finanzéiert ginn, dee Frae méi Autonomie iwwer hire Kierper an hiert Liewen erméiglecht, awer gläichzäiteg d'Verständnis vun Down Syndrom als Krankheet oder onerwënscht Liewe festegt? Datt béides net zwéngend Hand an Hand muss goen, huet d'Diskussioun vermësse gelooss. Leider gouf den Debat a wäiten Deeler als Entscheedung tëschent Mënscherechter a Fraerechter geféiert.

D'Dagmar Schmidt, eng SPD-Politikerin a selwer Mamm vun engem Kand mat Down Syndrom, huet am Interview mat der SZ gesot, dësen Debat wier nëmmen den Ufank. An Zukunft wier et méiglech an der Pränataldiagnostik all méiglech Anomalien ze fannen, an ëmmer nees misst een dann doriwwer entscheeden, wat ee mat där Informatioun mécht a wou een de Schlussstréch zitt.

Wat ass e "liewenswäert" Liewen?

Vu wéi engem Grad un ass dat mënschlecht Liewe liewenswäert a wie soll doriwwer entscheeden dierfen? Hir Parteikolleegin a fréier Gesondheetsministesch Ulla Schmidt fäert, datt eng méi einfach Diagnostik zu méi Ofdreiwunge féiert an dat d'Iddi zementéiert, datt Léit mat engem Handicap an der Gesellschaft net erwënscht sinn.

An Däitschland komme 5 vun 100 Kanner mat enger Behënnerung op d'Welt. An hinne soll net vermëttelt ginn, datt hiert Liewen net liewenswäert ass.

Geld soll keen Hindernis sinn

Vläicht ass dësen Debat esou schwéier, well et a Wierklechkeet vill verschidden Diskussioune sinn, déi hei zesummelafen. Sécher ass allerdéngs, datt Gesondheet keng Fro vu Geld sollt sinn an datt och Fräiheet iwwer dat eegent Liewen net de Wäert vun anerem Liewe muss determinéieren.

Wat hei wierklech gebraucht gëtt, ass méi Ënnerstëtzung an Opklärung zum Thema Down Syndrom an déi beschtméiglechst medezinesch Versuergung vu schwangere Fraen. Dat sollt sech net géigesäiteg ausschléissen.