Debat iwwert Regierungsdeklaratioun
Den CSV-Oppositiouns-Chef huet der Regierungs-Koalitioun den Usproch vun enger grousser politescher Erneierung ofgesprach. Am Koalitiounsprogramm ass eng erstaunlech Kontinuitéit mat der leschter Regierung festzestellen, sou de Jean-Claude Juncker de Moien an der Chamber. De President vun der gréisster Fraktioun huet eng ganz Rëtsch vu Punkten an all de Politikberäicher opgelëscht, déi scho vun der leschter Regierung an d’Weeër geleet goufen respektiv och am CSV-Wahlprogramm stoungen. De Jean-Claude Juncker huet virun engem Referendum iwwert d’Auslännerwahlrecht gewarnt an och virun der geplangtener Aféierung vun den “intérêts notionnels”, eng Steiermesure zu Gonschte vu groussen Entreprisen, déi an der Belsch zu massive Steierausfäll gefouert hätt. Den CSV-Fraktiounschef huet d’Regierung opgefuerdert dem Land z’erklären, wat genee se a punkto Mindestloun, Chômage-Indemnitéiten an RMG wëlles huet. De Jean-Claude Juncker huet besonnesch d’LSAP dofir kritiséiert, datt se Haaptfuerderung’e fir méi sozial Gerechtegkeet fale gelooss huet fir eng Dräierkoalitioun.
Detailler aus der Interventioun vum Jean-Claude Juncker, am Resumé vum Michel Delage:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/MD-JCJ.mp3"]