Radioen

On air

De Moien  |  Die Sterne - Die Welt Wird Knusprig

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundesverfassungsgericht debattéiert iwwer Stierfhëllef

Debatt iwwer d'Stierfhëllef an Däitschland

Bundesverfassungsgericht debattéiert iwwer Stierfhëllef

An Däitschland debattéiert dës Woch d'Bundesverfassungsgericht iwwer d'Stierfhëllef. Et soll an Zukunft fir schwéierkrank Patiente méi einfach ginn, vun dëser Gebrauch ze maachen. Mee nach ginn et vill Ongewëssheeten. Virun allem well déi däitsch Politik bei dësem Thema hir Verantwortung net iwwerholl huet, mengt de Max Tholl a senger Chronik.

auto_stories

3 min

An Däitschland hunn all Mënschen e Recht op een autonoomt Liewen, mee déi mannsten hunn e Recht op Eegebestëmmung beim Stierwen. Den Doud freet net, e passéiert einfach. Mee et gi medezinesch Fäll, an deenen een net op e waarde wëllt, an deene schwéierkrank Leit selwer de Schlussstréch wëllen zeien, well d'Péng ze grouss, an d'Hoffnung op Besserung ze kleng ass.

Ëm dës Fäll geet et dësen Dënschdeg a Mëttwoch virum Bundesverfassungsgericht zu Karlsruhe. D'Stierfhëllef ass an Däitschland ee sensibelt Thema. Diskussiounen ëm d'Euthanasie, also d'aktiv Stierfhëllef, wéi et se zu Lëtzebuerg gëtt, féieren ëmmer nach séier zu Nazi-Vergläicher a moraleschen Imperativen. Mee och déi passiv oder indirekt Stierfhëllef ass ëmstridden. De Paragraf 217 am däitsche Code Penal stellt d' "geschäftsmäßige Förderung der Selbsttötung" ënner Strof a gesäit bis zu dräi Joer Prisong vir. De Problem: de Paragraf schaaft méi Froen, wéi en der beäntwert. Well vu wéi engem Punkt un d'medezinesch Assistenz "geschäftsmäßig" ass, ass iwwerhaapt net kloer an d'Dokteren, déi eng passiv oder indirekt Stierfhëllef leeschten, handelen an enger juristescher Grozon. Wéinst dëse Risiken ass et fir stierweskrank Patienten an Däitschland enorm schwéier, en Dokter ze fannen, deen hinne beim Suicide hëlleft. Dowéinst hu Patienten, Dokteren a Verbänn beim Bundesverfassungsgericht Kloe géint de Paragraf 217 agereecht a fuerderen elo Kloerheet an der Saach.

Delegéiere vu Verantwortung ass kloert Versoe vun der Politik

2015 war de Paragraf ageféiert ginn, nodeems et am Däitsche Bundestag eng grouss Debatt iwwer d'Zukunft vun der Stierfhëllef gouf - vun der kompletter Legaliséierung bis zu engem totale Verbuet. De Paragraf 217 war schlussendlech ee politesche Kompromëss, awer keen humanen. E soll verhënneren, datt d'Stierfhëllef zu engem Business gëtt oder sech gesellschaftlech normaliséiert. Den deemolege Gesondheetsminister Hermann Gröhe vun der CDU sot, d'Palliativmedezin kéint en natierlechen Doud ouni Péng garantéieren. 2017 hat d'Bundesverwaltungsgericht erkläert, datt de Staat an extremen Noutsituatiounen et de Patienten erméigleche muss, ee fréizäitegen Doud ze wielen an entspriechend Medikamenter misst zur Verfügung stellen. Den CDU-kontrolléierte Gesondheetsministère huet dës Fuerderung awer ignoréiert, well de Staat net aktiv de Suicide dierft ënnerstëtzen. De Regierungspartner SPD huet sech bis elo relativ bedeckt gehalen an ass intern gedeelter Meenung.

An esou gouf elo, genee wéi bei der Homoehe virun zwee Joer, nees politesch Verantwortung fort vu Berlin op Karlsruhe delegéiert, fir datt hei eng Reegelung fonnt gëtt. Datt d'Hoffnung vun deene Mënschen, déi keng Hoffnung méi hunn, elo beim Bundesverfassungsgericht läit, ass e kloert Versoe vun der Politik. De Staat huet eng Verantwortung, seng Bierger virum Doud ze schützen, mee kee Recht, dësen ze bestëmmen. Mënschlech Dignitéit schaaft een net duerch ee juristescht Damoklesschwäert, mee duerch Respekt virun der Autonomie vun all eenzeler Persoun - am Liewen a beim Doud.