Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Decisioun iwwer méiglech Hausse vun Accisen am Juni

Nationalen Energie- a Klimaplang

Decisioun iwwer méiglech Hausse vun Accisen am Juni

D'Regierung decidéiert am Juni, ob déi fir Uganks des Joers ugekënnegt Akzisen-Hausse um Sprit ëmgesat gëtt. Méiglecherweis wier dat fir d'Areechen vun de Klimaziiler fir dëst Joer net néideg, sou den Energieminister Claude Turmes de Freideg op enger Pressekonferenz.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Am Mäerz, wéi déi ugekënnegt Hausse sollt sinn, haten déi zoustänneg Minister fir Energie, Ëmwelt, Finanzen a Wirtschaft eng Reunioun wéinst den Akzisen, sou de Claude Turmes.

"Dat war eigentlech de Moment wou de Carburant 50, 60, 70 Prozent agebrach ass. Do sinn mer zur Konklusioun komm, datt mer eventuell eist Zil 2020 kennen erreechen souwisou, einfach doduerch datt duerch de Corona vill vill manner Diesel a Bensin verkaf gëtt."

Et wéisst een dat awer nach net definitiv. Dofir wäerten déi véier zoustänneg Ministere sech am Juni nach eng Kéier gesinn, fir gegebenfalls eng Decisioun ze huelen, sou de Claude Turmes.

20 Euro pro Tonn CO2

D'Regierung huet de Freideg hiren nationalen Energie- a Klimaplang mat Verspéidung op Bréissel geschéckt. Dora gëtt de Präis fir d'CO2-Steier, déi mat der Steierreform d'nächst Joer soll agefouert ginn op 20 Euro d'Tonn festgeluecht. Dat entsprécht fënnef Cent um Liter Diesel. Et hätt ee Contributioune gehat, déi gesot hunn, 20 Euro pro Tonn wier vill, mee nach méi déi gesot hätten, datt dat net genuch wier. "A mir hunn eis am Endeffekt dunn op dee Chiffer gëeenegt, well dat dee Chiffer ass, wou mer an eiser Regierung quasi e Konsens drop hunn."

An de Joren dono soll de Präis pro Tonn ëm fënnef Euro an d'Luucht goen, wat jeeweils 1,5 Cent de Liter Diesel entsprécht, steet am Klimaplang. Doran ass och festgehalen, datt de Regime fir Betribsween iwwerschafft gëtt.

"An Zukunft soll esou sinn, datt quasi exklusiv dann nach elektresch, vollelektresch Autoen iwwer de Leasing méiglech sinn."

Am Klimaplang steet, et géif iwwer de Steiervirdeel fir e Mobilitéitsbudget nogeduecht ginn, deen deem fir en Déngschtwon entsprécht, fir déi Leit net ze benodeelegen, déi ouni Auto schaffen ginn.