Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Decisioune bis elo net ëmgesat

EU a Flüchtlingskris

Decisioune bis elo net ëmgesat

D’Europäesch Unioun trëppelt an der Flüchtlingskris op der Plaz. Mesuren, déi bis elo geholl goufen, ginn net richteg ëmgesat - doriwwer si sech d’EU-Memberstaten eens. Nei Décisiounen hunn d’Staats- a Regierungschefen op engem Sommet Enn der leschter Woch awer net geholl.

Rick Mertens, md

auto_stories

3 min

Jean-Claude Juncker, Donald Tusk a Xavier Bettel (©The European Union)

Datt des Mesuren den Ament net ëmgesat gi sinn, steet an engem Rapport vun der Lëtzebuerger EU-Semesterpresidence. Vun den 160.000 Flüchtlingen aus Drëttstaten, déi vun Italien a Griicheland aus op aner Memberstate sollen ëmverdeelt ginn, wieren der bis elo manner wéi 200 relokaliséiert ginn.

Déi europäesch Flüchtlingspolitik géif net richteg fonctionnéieren, doriwwer wier ee sech eens, sou de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. "Mir mierken, datt a verschiddene Länner d'Grenzen net esou fonctionnéiere wéi se sollen, och net d'Hotspoten" (Plazen an Italien an a Griicheland, wou d'Migranten, déi ukommen, identifizéiert an aussortéiert solle ginn). An nach géif et keen Accord ginn iwwert eng Lëscht vu "séchere Länner". Réfugiéen aus deene Staate sollen nees séier kënnen zeréck geschéckt ginn.

Gemeinsam europäesch Grenzpolizei?

Iwwerdeems huet d'EU-Kommissioun d'Schafung vun enger gemeinsamer europäescher Grenzpolizei virgeschloen. Déi soll den eenzelne Memberstaten hëllefen d'Mënschen ze kontrolléieren, déi an d’Unioun wëllen areesen. Frankräich an Däitschland ënnerstëtzen déi Propose. Eng Réi Länner, dorënner Polen a Griicheland, sinn éischter skeptesch. Si fäerten, datt si en Deel vun hirer nationaler Souveränitéit verléieren. Bannent dem nächsten hallwe Joer sollen d’Memberstaten eng gemeinsam Positioun ausschaffen. "Een ambitionéierten Zäitplang", fënnt déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel.

Och mat der tierkescher Regierung soll weider verhandelt ginn. D'Tierkei, ee wichtegt Transitland a Richtung EU, huet den Ament iwwer zwou Millioune Flüchtlingen op hirem Territoire. Een Deel dovu kéint d'Europäesch Unioun ophuele wann et Ankara geléngt, de Floss ze bremsen, sou d'Angela Merkel. Op engem Sommet am Februar kéinten d'EU-Leaderen eng Decisioun huelen, och wa sech den Ament nach keng konkret Léisunge géifen ofzeechnen.

Juncker: Keng Illusioune fir 2016

Dat gesäit och den éisterräichesche Kanzler Werner Faymann esou. "Vill verwiesselen eng Verbesserung an der Flüchtlingssituatioun mam Wanter, wa manner Leit kommen. Mee ech gesinn net, datt mer d'Saach un der Wuerzel gepak hunn, weder a Syrien, nach an der Finanzéierung vun de Campen op der Plaz."

An der Flüchtlingskris ginn et also nach vill politesch Schantercher. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot nom Sommet, hie géif sech keng Illusioune fir dat neit Joer maachen. "Vill Krisenelementer, déi um Dech leien, sinn nach ëmmer do, an et kommen nei Krisen dobäi".

Lauschtert de Bäitrag vum Rick Mertens: