Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déck Loft am Lëtzebuerger Fussball

Nationale Sport

Déck Loft am Lëtzebuerger Fussball

Deck Loft an der ieweschter Lëtzebuerger Fussball-Divisioun: zwee Veräiner, de Progrès Nidderkuer an d'Escher Fola, hunn der Lëtzebuerger Football Ligue (kuerz LFL, net ze verwiessele mam Verband FLF) virgëschter de Réck gedréint. Op d'mannst emol virleefeg. Bis sech eppes an hirem Sënn ännert. Si hunn dat quasi zäitgläich, jiddweree mat engem Schreiwes, matgedeelt. D'Ligue, dat ass den Interesseverband vun de Veräiner aus der héchster Spillklass.

auto_stories

3 min

De Problem léisst sech ganz gutt illustréieren um Fall Patrick Stumpf. Dee Stiermer huet déi lescht zwee Joer bei der Jeunesse gespillt. Mam Enn vun der Saison 2017/18 ass säi Kontrakt op der Escher Grenz ausgelaf. Hie wollt wiesselen, war sech och mat Nidderkuer schonn eens, mee d'Jeunesse huet hire Veto géint den Transfert ageluecht. A si hat och d'Recht dat ze maachen. Wéinst enger Dispositioun an de Statute vun der Federatioun, déi seet, datt wann ee Spiller vum Veräin A bei de Veräin B wiesselt, hien dräi Joer via Lizenz un dee Veräin B gebonne bleift, och wann en nëmmen een oder zwee Joer Kontrakt do huet.

Dat wier net méi zäitgeméiss, fënnt de Fabio Marochi, President vum Progrès Nidderkuer. An hie sëtzt dann nach een drop:

"Wann een e Mënsch huet, deen net méi a sengem Veräi wëllt Fussball spillen, an e wëllt anerwäerts goen, an en plus hat e kee Vertrag méi op der Jeunesse, an du zwéngs dee Spiller dohin ze goen, wou en net wëllt ... also dat grenzt scho bal u Mënschenhandel."

Well dat ass deen zweeten a wahrscheinlech eigentleche Problem: d'Jeunesse huet dem Patrick Stumpf e Wiessel op Nidderkuer verbueden, a si huet hien op Diddeleng orientéiert, bei den F91. D'Relatiounen tëschent deenen Escher an dem F91 si ganz enk. Ze enk? Dat wëllt den Escher President Jean Cazzaro sech net soe loossen. " 't ass vläicht den Näid vun deenen aneren, datt mir e gutt Verhältnis zu deem Veräin hunn." D'Jeunesse wier fräi fir ze decidéieren, mat wiem se zesummeschafft, respektiv mat wiem si net zesummeschafft.

Relatioun tëscht Jeunesse an Diddeleng ze enk?

Déi gutt Relatioun tëscht béide Clibb war eenzele Leit an der Lescht awer virun allem dowéinst sauer opgestouss, well vill Spiller an déi aner Richtung gewiesselt sinn: Ass d'Relatioun tëscht Jeunesse an Diddeleng vläicht souguer ze vill enk?

Et wier richteg, datt Diddeleng eng relativ héich Unzuel vu Spiller un d'Jeunesse verléint huet, well déi zwee Clibb "gutt matenee kënnen", seet de Romain Schumacher, President vum F91. Dat wier awer net mat Wettbewerbsverzerrung gläichzestellen.

Dee Saz bleift dann natierlech nees net onwiddersprach: Den F91 hëlt eng grouss Zuel vu Spiller ënner Kontrakt, vill méi wéi en der ka spille loossen, an decidéiert dann, wou e se wëllt spille loossen. Fir de President vun der Escher Fola baut den F91 sech e "Muecht-System" op.

Fola a Progrès: "Mat der Fauscht op den Dësch schloen"

An dofir wiere Fola a Progrès zu der gemeinsamer Conclusioun komm, datt de Punkt erreecht ass fir eng Kéier mat der Fauscht op den Dësch ze schloen a fir do ze weisen, datt dat eben net kann esou weidergoen.

Zilscheif vun der ganzer Kritik ass am Fong de staarke Mann am Hannergrond beim F91, de Sponsor Flavio Becca, dee sech - an den Ae vu senge Kritiker - am Gaang ass ze vill breet ze maachen. Wann dat de Fall wier, da sollt een iwwer d'LFL am beschten bei d'FLF goen an déi Diskussioun do op den Dësch bréngen. An da soll d'FLF reagéieren, seet de President vum F91, de Romain Schumacher.

De Romain Schumacher, deen a Personalunioun och President vun der Ligue ass, versteet dofir net, datt een op e Gremium klappt, dat kéint hëllefe Problemer unzeschwätzen an ze léisen. Hien hofft (a mengt iwwregens och) net, datt den aktuelle Clinch d'Enn vun där Interessegemeinschaft bedeit.