Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deckel op de Gaspräis: Lëtzebuerg éischter skeptesch

Gaspräis

Deckel op de Gaspräis: Lëtzebuerg éischter skeptesch

Lëtzebuerg steet engem Gaspräisdeckel op EU-Niveau éischter skeptesch géintiwwer, verschléisst sech awer och net komplett. Dat sot eis den Energieminister Claude Turmes op Nofro hin, no enger Renconter mat sengen europäeschen Homolog. An deem Conseil gouf et zwar e Konsens iwwer eng Rei weider Noutfallmesurë fir der Energiekris entgéint ze wierken. E formellen Accord dofir ass awer un der Blockad vun enger Partie Staate gescheitert.

auto_stories

3 min

Den Claude Turmes ass Energieminister. Foto: EU (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Ënner anerem Italien, Frankräich a Spuenie knäppen hir Zoustëmmung nämlech un d'Aféierung vun engem Präisdeckel um Gas-Akaf. D'EU-Kommissioun hat en Dënschdeg eng Propos fir esou e Plaffong ënner bestëmmte Konditioune virgeluecht: 275 Euro pro Megawattstonn.

D'Meenungen doriwwer ginn awer wäit auserneen. Däitschland, Portugal, déi baltesch a skandinavesch Länner gesinn déi Saach kritesch. Lëtzebuerg hätt nach keng formell Positioun, wier awer éischter virsiichteg, betount de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes;

"Mir iwwerliewen eigentlech just beim Gas, well mer Schëffer hunn, déi aus der ganzer Welt Flësseggas an Europa bréngen. A wa mer lo soen, "ab engem gewësse Präis bezuele mir net méi", dann ass de Risiko, datt déi Schëffer guer net méi bis an Europa kommen."

Grad Lëtzebuerg, ouni eege Gas-Ressourcen, wier drop ugewisen, datt d'Gas weider fléisst. Dofir géif een esou e Gaspräisdeckel, wann, dann och nëmme mat Sécherheetsgarantien acceptéieren, Iwwerdeems dierft een sech dovu keng Wonner erwaarden, seet de Claude Turmes:

"Am Endeffekt ass et sou, wann d'Demande méi grouss ass wéi d'Offer vu Gas, da kann de Präis net niddereg sinn. Dofir ass dat Allerwichtegst fir Gas ze spueren, sou wéi mer et mat Erfolleg zu Lëtzebuerg an och an Europa maachen."

Donieft wier et wichteg d'Gasspäicheren ze fëllen, wat aktuell de Fall wier.

EU wëllt zesumme Gas akafen

Vum 1. Januar u wëllen d'EU-Länner zesumme Gas akafen, dofir gouf gëschter um Conseil vun den Energieministeren en Text ugeholl, fir eng gemeinsam Akafsplattform ze schafen, erkläert den Energieminister.

"Wou dann all d'Länner soe wéi vill Gas datt se wëlle kafen a wou dann d'EU-Kommissioun dat fir all d'Länner koordinéiert. Doduerch kréie mer warscheinlech besser Präisser, well mer méi eng grouss Quantitéit akafen a mir verhënneren och, datt ee Land dat anert iwwerbitt."

Dat hat dëst Joer nämlech d'Präisser onnéideg an d'Luucht gedriwwen. E Konsens gouf et och iwwer en temporäert Reglement, fir d'Geneemegungsprozedure fir Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien ze vereinfachen an ze beschleunegen. Gréng Luucht krut bis ewell awer nach kee vun den Texter, ebe well verschidde Staaten hiren Accord un e Gaspräisdeckel knäppen.

Den 13. Dezember gesi sech d'Energieministeren aus de 27 EU-Memberlänner eng nächste Kéier, sollt et och do keen Accord ginn, ass schonn eng Woch drop eng weider Reunioun virgesinn.