D’Educatioun - eng Prioritéit vun der Regierung

Fir d’Schoulrentrée goufen an der Educatioun iwwer 170 Leit agestallt, bal d’Halschecht vum Recrutement dëst Joer beim Staat. Dat wär en däitlecht Zeechen, datt d‘Educatioun eng vu den Prioritéite vun dëser Regierung wär, seet den Éducatiounsminister Claude Meisch.

20150914-meisch-1000665

An de Verhandlunge mat de Gewerkschaften aus dem Secondaire wär et déi lescht Méint net just drëm gaang ze spueren mä och ze investéieren. De Claude Meisch ënnersträicht, datt esouwuel den Éducatiounsministère wéi och d’Gewerkschaften alles gemaach hätten fir e Streik am Secondaire an e grousse Sozialkonflikt ze verhënneren. Dem Claude Meisch säin Zil wär et ni gewiescht fir d’Gewerkschaften ze schwächen, “well wann de lëtzebuerger Sozialmodell och an der Educatioun soll funktionéieren, da brauch ee staark Gewerkschaften déi dat Wuert hunn an dat Wuert och kënnen halen.”

Jidderee wier op deen aneren duer gaang a géif sech elo an deem Kompromëss erëmfannen, esou de Minister Meisch. Elo kéint een d’Schoulrentrée a Rou ugoen a sech op dat Essentiellt konzentréieren, nämlech wéi Schoulentwécklung um Terrain gemaach géif ginn.

No bei de Kanner

Et wier net just drëm gaang an der Educatioun ze spueren, mä am Spuer- an Zukunftspak vun der Regierung säi symbolesche Bäitrag ze leeschten, esou de Claude Meisch. Et géif awer net just gespuert, mä och investéiert: Fir d’Rentrée sinn an der Educatioun 174 Persoune recrutéiert ginn.

“An der Haaptsaach sinn dat Leit, déi an de Schoulen intervenéieren oder ganz no bei de Kanner sinn. Dat weist och vun de Finanzen hier, datt d’Educatioun eng vu de grousse Prioritéite vun der Regierung ass”.

D’Regierung hätt scho méi wéi eemol Versteesdemech fir déi eng oder aner Revendicatioun vun de Chargéen am Secondaire gewise. Et wéilt ee mat hinnen iwwert hir Salairë schwätzen. “Wat net korrekt ass, muss kënnen diskutéiert ginn”. Ëmmerhi misst ee kucke wat géif stéieren a wat eng negativ Repercussioun op d’Qualitéit vum Schoulhalen hätt. En Datum fir eng Entrevue mat de Vetrieder vun de Chargéë géif et awer nach net ginn.

Talenter fërderen

Zu de Chantiere fir d’Rentrée  gehéiert eng Autonomiebewegung an de Schoulen aus dem Secondaire. Heiansdo bräicht een och eng Schoul, wéi déi International Schoul zu Déifferdeng, déi den normalen Autonomiekader géif sprengen.

En anere Projet ass de MINT-Lycée, dee spezialiséiert op Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technik ass, “well mir do e ganz grousse Besoin hunn, well mer do kaum kënne rekrutéieren an all Patron a Verwaltung weess dat”. Et géif drëm goen, deenen Talenter eng Chance ze ginn, déi duerch d’Iwwergewiichtung vum Schoulsystem écartéiert goufen.

En anere Projet ass déi multilingual Fréifërderung, well jiddereen henno no sengen Talenter a Leeschtunge sollt bewäert ginn an net wéinst der Sprooch, déi een doheem schwätzt oder en Fonctioun vum soziale Status vu senger Famill.

Audio: Invité vum Dag vum 14. September 2015: De Claude Meisch um Mikro vum Christian Welter

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen