Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Plot Armor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Definitiv kee Containerduerf

Stengefort

Definitiv kee Containerduerf

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch reagéiert "ganz geloossen" op dat neit Uerteel zum Containerduerf Stengefort. Elo wëllt de Ministère zesumme mam neie Stengeforter Schäfferot weider un enger dezentraler Struktur schaffen, fir eng 100 Leit an der Gemeng ënnerzebréngen.

auto_stories

2 min

François Bausch

D'Verwaltungsgeriicht hat de 14. Dezember 2017 dat groussherzoglecht Reglement vun Enn August 2016 annuléiert, fir de "Plan d'occupation du sol" fir eng geplangte provisoresch Containerstruktur fir 300 Flüchtlingen zu Stengefort.

"Keng Iwwerraschung"

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch seet, hien hätt dëst Uerteel vum Verwaltungsgeriicht erwaart, et géif respektéiert ginn, an et géif hie souguer arrangéieren. Et hätt ee scho virun engem Joer deklaréiert, datt de Projet, sou wéi en ugangs virgesi war, sou guer net wäert gebaut ginn. D'Uerteel wier deemno keng Iwwerraschung.

Déi Stengeforter Biergerinitiativ "Kee Containerduerf am Duerf" hat sech e Mëttwoch mat enger Kopie vum Uerteel zu Wuert gemellt. De Projet Containerduerf wier op d'mannst an dëser Form dout, sou de President Joé Lemmer am Communiqué.

De François Bausch kritiséiert, datt de President vun der Biergerinitiativ prinzipiell keen ee Flüchtling zu Stengefort wéilt. De Joé Lemmer géif all Geleeënheet notzen, fir eppes héich ze stiliséieren, obwuel et näischt méi héich ze stiliséieren géif ginn.

D'Biergerinitiativ fuerdert prinzipiell méi eng gerecht Verdeelung vun alle Flüchtlingen am Land. "Si sinn Echter", seet de François Bausch. D'Regierung wéilt dat Selwecht. Awer et géife ganz wéineg Gemengen "de Fanger ausstrecken, fir Flüchtlingen ze huelen." Zu Stengefort wier ni eng permanent, mä ëmmer just eng provisoresch Struktur geplangt gewiescht. Et hätt ee Leit wéilten empfänken, déi de Statut ugefrot haten an op eng Äntwert gewaart hunn.

Eng villsäiteg Struktur

De François Bausch wier a Kontakt mam neie Stengeforter Schäfferot, fir een alternative Projet ze realiséieren. Dobäi geet et ëm eng dezentral Struktur fir ronn 100 Leit an der Gemeng Stengefort. Dat wier och de Wonsch vun der Gemeng gewiescht, datt déi Struktur net nëmme vu Flüchtlinge kéint genotzt ginn, mä och vu beispillsweis sozial benodeelegte Leit. D'Struktur sollt dann och zu engem spéideren Zäitpunkt, wann d'Flüchtlingsfro sech net méi sou stellt, genotzt kënne ginn, sou de François Bausch. Et bräicht ee momentan haaptsächlech eng fest Struktur, an där och Leit, déi de Flüchtlingsstatut hunn, kënnen ënnerbruecht ginn.

Eng éischt Entrevue mam neie Stengeforter Schäfferot ass Ufank Februar am Ministère geplangt. Déi nei Majoritéit hätt hir Bereetschaft erkläert, mat op dëse Wee ze goen, esou de Minister. Den neie Stengeforter Buergermeeschter Guy Pettinger (LSAP) wëllt sech de Moment net äusseren: Hie wéilt de Rendez-vous am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère ofwaarden, huet et op Nofro hi geheescht.