"Et wier gutt ,wann dësen Text schonn dëst Joer kéint a Kraaft trieden", huet de Premier betount. D'Regierung hätt hir Hausaufgabe gemaach.
Et wier ee gudder Hoffnung, datt déi zousätzlech fräi Deeg schonn dëst Joer kommen, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch nom Regierungsrot.
Am Koalitiounsaccord steet, datt den Europadag e legale Feierdag hei am Land soll ginn an datt de gesetzleche Congés-Minimum vu 25 op 26 Deeg soll klammen. Eng automatesch Adaptatioun vun de Kollektivverträg op dësem Punkt soll et net ginn. Dem Xavier Bettel no soll um Europadag och un déi europäesch Errongenschaften erënnert ginn, z. B. un de joerzéngtelaange Fridden.
Am Regierungsprogramm steet och, datt de gesetzleche Congés-Minimum vu 25 op 26 Deeg soll klammen. Eng automatesch Adaptatioun vun de Kollektivverträg op dësem Punkt soll et net ginn.
"An da gëtt et jo nach ee supplemataire Congés-Dag, mee just fir déi Leit, déi am Moment och de Minimum vum Congé légal hunn. An dat soll, sou wéi mir et och an de Koalitiounsverhandlungen diskutéiert haten, schonn dëst Joer a Kraaft trieden."
De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler: