Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi di hunn, an déi aner

Wunnengsmaart

Déi di hunn, an déi aner

D'Logementspräisser sinn am drëtten Trimester 2017 an der Moyenne 4,9 Prozent an d'Luucht gaangen - e gudde Rendement fir Immobilien-Investissementer. Den Internationale Währungsfonds mécht an engem rezente Pabeier eng Serie vu Recommandatioune fir den Drock op d'Wunnengspräisser ze bremsen. Ob dës Rezepter sprochräif si fir an en nächste Koalitiounsprogramm muss sech awer nach weisen.

auto_stories

2 min

Mat enger Progressioun vu bal fënnef Prozent an engem Joer klammen d'Wunnengspräisser wesentlech méi séier wéi de Baupräis-Index a wéi déi allgemeng Inflatioun - an dat trotz alle politeschen Deklaratiounen, Aktiounspläng a Pactes logementen. De Käschtepunkt vum Wunnen ass en Thema, dat am Wahlkampf doudsécher präsent wäert sinn.

De Sujet ass och wichteg genuch, fir datt den Internationale Währungsfonds him a sengem rezenten Avis iwwert Lëtzebuerg e Kapitel gewidmet huet. An den Ae vum Fonds sinn d'Logementspräisser wuel problematesch, mä en ligne mat de Fundamentals, also explizéierbar. Lëtzebuerg huet eng gesond wirtschaftlech Croissance, gekoppelt mat enger Netto-Immigratioun. Dat féiert dozou, datt d'Demande no Logementer wäit méi séier wiisst wéi d'Offer. Mam Resultat, datt d'Präisser séier klammen.

Den Drock op Wunnengspräisser agrenzen

Dobäi kommen aner Reiwungsverloschter. Administrativ Barrièrë bremsen den Elan (d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg huet nach virun e puer Deeg bedauert, datt och d'Stad selwer et net fäerdeg bréngt, esou vill an esou séier ze bauen, wéi si dat gär géif maachen). Spekulatioun limitéiert d'Offer un Terrainen. A Subventiounen a Bäihëllefen hunn an enger Situatioun vu Pénurie dacks pervers Effeten an dreiwen d'Präisser weider no uewen. An dann hu mir nach net emol dovu geschwat, wéi komplizéiert et schéngt ze sinn, weider Bauschuttdeponien am Land anzeriichten.

Den FMI recommandéiert e "staarken Effort", fir den Drock op d'Wunnengspräisser anzegrenzen an d'Offer u bezuelbarem Wunnraum auszebauen. Dozou gehéieren d'Ophiewe vun administrative Restriktiounen, eng méi effektiv Besteierung vun net genotzte Baulandreserven, méi Sozialwunnengen, an eng méi selektiv Approche bei de Bäihëllefe fir de Kaf vu Wunnengen.

An da recommandéiert de Fonds och, d'systemesch Risiken am Immobiliemarché opmierksam ze beobachten.

Déi aner Säit vun der Medail

Do ass am Moment keen akuten Handlungsbedarf. D'Banken hunn hire Kapitalpuffer verstäerkt, a si kruten den Appetit op déi méi riskant Kreditter gedrosselt. Mä de Verscholdungsniveau vun den Haushalter stéisst un d'Schmerzgrenz. An do géif et nach méi wéi doen, wann den allgemengen Zënsniveau géif an d'Luucht goen.

All dës Virschléi vum International Währungsfonds maache wuel Sënn. Ob si et awer an an e Koalitiounsprogramm packen ass eng aner Fro.

D'Medail huet nämlech och eng aner Säit. Méi wéi 84 Prozent vun de Lëtzebuerger si Proprietaire vun hirer Wunneng. D'Präisaugmentatioune vun de leschte Joren si fir si och en zolitte Rendement op engem laangfristegen Investissement.

D'Konscht vun der Politik ass hei, fir d'Interête vun deenen, déi schonn hunn, auszebalancéiere mat deenen, déi nach net hunn.