Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Reis Demuth Wiltgen - Freedom Trail

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi éisträichesch Neutralitéit an de Konflikt am Noen Osten

Aussepolitik

Déi éisträichesch Neutralitéit an de Konflikt am Noen Osten

Zu Wien huet den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz e leschte Freiden iwwert sengem Amtssëtz den israelesche Fändel ophänke gelooss. Och iwwer dem Ausseministère war de Fändel ze gesinn. Wéi de Kanzler op Twitter geschriwwen huet, soll domat Solidaritéit mat Israel am lafende Konflikt ausgedréckt ginn. D'Aktioun stéisst awer souwuel national wei international op Kritik.

auto_stories

2 min

Éisträich ass een neutrale Staat - d'Neutralitéit ass zanter 1955 an der Verfassung festgehalen. Wuel och dowéinst ass Wien de Sëtz vun enger Partie internationalen Organisatiounen an Treffpunkt fir d'Verhandlungen iwwer d'Iranescht Atomofkommes. Entspriechend ongewéinlech war d'Decisioun fir den israelesche Fändel iwwer dem Bundeskanzleramt opzehänken an domat Positioun ze bezéien, am aktuelle Konflikt am Noen-Osten.

Kritik vum Koalitiounspartner an Oppositioun

D'Aktioun vum Sebastian Kurz, deem seng gutt Relatioune mam israelesche Premier bekannt sinn, gouf souwuel vun der Oppositioun, wéi och vum grénge Koalitiounspartner kritiséiert. Déi aussepolitesch Spriecherin vun deenen éisträichesche Grénge sot, si géif et grondsätzlech fir falsch halen, de Fändel vun iergendenger Krichspartei ze opzehänken.

An eng änlech Richtung goung och d'Kritik vun der Oppositioun. Éisträich misst als neutrale Buedem weider en Uert fir Vermëttlung a Friddensverhandlunge bleiwen, esou den Tenor iwwer d'Parteien ewech. D'Neutralitéit vum Land misst erhale bleiwen.

Vis-à-vis vum Terror géif et awer keng Neutralitéit ginn, äntwert dorop den éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg a bezitt sech op d'Hamas, déi notamment vun der EU als Terrororganisatioun agestuuft gëtt.

International Kritik

Datt zu Wien den israelesche Fändel opgehaange gouf, ass awer och international net onbemierkt bliwwen. De palestinensesche Botschafter zu Wien huet d'Aktioun als bedauernswäert an onverständlech bezeechent. Den iraneschen Ausseminister huet eng geplangte Visitt e leschte Samschde kuerzerhand ofgesot.

Déi wuel heftegste Kritik koum awer vum tierkesche President Erdogan. Hie géif de Staat Éisträich verfluchen. Éisträich zweiwelt, datt d'Moslem de Präis bezuelen, dofir datt een d'Judden engem Genozid ënnerzunn hätt, esou den tierkesche President.

Säin Ierger ass deelweis och doduerch ze erklären, datt den Inneminister zu Wien der Tierkei virgeworf huet, Afloss op anti-israelesch Protester zu Wien gehat ze hunn. Bei dësen Demonstratioune war et deelweis zu antisemitteschen Ausfäll komm.