Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi europäesch Institutioune reforméieren

Europawahlen 2019

Déi europäesch Institutioune reforméieren

D'EU-Kommissioun muss méi kleng, méi demokratesch legitiméiert a méi onofhängeg vun de Memberstaate ginn. Dat fuerdert déi liberal hollännesch Europadeputéiert Sophie in 't Veld. Och de Conseil, an deem d'Memberstaate vertruede sinn, misst méi transparent an demokratesch funktionéieren. De Brexit, d'Migratiounsproblematik an d'Griichenlandkris hätte gewisen, datt de Conseil aktuell blockéiert wier an dacks keng Decisioune méi kéint huelen.

auto_stories

3 min

D'EU-Kommissioun muss méi kleng, méi demokratesch legitiméiert a méi onofhängeg vun de Memberstaate ginn. Dat fuerdert déi liberal hollännesch Europadeputéiert Sophie in 't Veld. Och de Conseil, an deem d'Memberstaate vertruede sinn, misst méi transparent an demokratesch funktionéieren. De Brexit, d'Migratiounsproblematik an d'Griichenlandkris hätte gewisen, datt de Conseil aktuell blockéiert wier an dacks keng Decisioune méi kéint huelen.

Datt et no den Europawahlen am Mee zu enger Reform vun den europäeschen Institutioune kënnt, ass fir d'Sophie in 't Veld kee Wonschdenken. Dat géif deem entspriechen, wat d'Bierger sech vun der Europäescher Unioun erwaarden.

Et géif ee gesinn, datt déi grouss Majoritéit vun den Europäer éischter pro-europäesch wieren an datt si sech eng Europäesch Unioun géife wënschen, déi vill méi demokratesch a méi transparent fonctionnéiert, an déi méi entscheedungsfreedeg ass.

En neie Pakt fir eng méi staark EU-Kommissioun

D'EU-Kommissioun huet net déi néideg Moyene fir d'Memberstaate bei Verstéiss géint de Rechtsstaat ze sanktionéieren, seet d'Sophie in 't Veld. D'Europaparlament hätt dowéinst eng Propos gemaach, fir ee sougenannten "Demokratie-, Rechtsstaat- a Grondrechts-Pakt". Deemno sollt d'Situatioun an de Memberstaaten all Joer evaluéiert an debattéiert ginn. Et wier wichteg, déi Wäerter an enger politescher Unioun ze stäerken an dofir ze suergen, datt se agehale ginn. Dat wiere Saachen, déi de Bierger vu baussen net onbedéngt esou géif wouer huelen, mee se wieren awer wichteg fir d'Zukunft vun der Europäescher Unioun.

Eventuell ginn nei Koalitioune méiglech

"Politesch Wonner geschéien ëmmer nees", esou déi liberal Europadeputéiert Sophie in 't Veld zu de Chancë vun der EU-Kommissärin Margarete Vestager fir nächst EU-Kommissiounspresidentin ze ginn. D'Dänin ass eng vu siwe Spëtzekandidate vun den europäesche Liberale bei den Europawahlen.

Wahrscheinlech géifen d'Chrëschtdemokrate bei den Europawahlen nees stäerkste Fraktioun am Europaparlament ginn, mengt d'Sophie in 't Veld. Den EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber géif dann natierlech Usproch erhiewe fir Kommissiounspresident ze ginn. Mee fir eng grouss Koalitioun mat de Sozialdemokrate geet et vläicht net méi duer, sou datt nach aner Dynamike kéinten entstoen.

D'EVP an d'S&D hätten eventuell keng Majoritéit méi. Doduerch géifen aner Majoritéite méiglech ginn. Et wier gesond fir eng Demokratie, wann net alles vu vir eran decidéiert wier, seet d'Sophie in 't Feld. Si wier op jiddwer Fall optimistesch, datt d'Demokratie am nei gewielten Europäesche Parlament lieweg wäert sinn.

Datt d'Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa (ALDE) mat siwen amplaz mat engem Spëtzekandidat an d'Europawahle geet, hält d'Sophie in 't Veld net fir déi beschte Léisung. Hir Partei, déi hollännesch Democraten 66 wiere fir en eenzele Spëtzekandidat gewiescht.

Spëtzekandidaten-System nach net ausgeräift

De System vun de Spëtzekandidate géif et iwwerdeems erméigleche fir am Wahlkampf eng europäesch Ëffentlechkeet ze schafen, wou och iwwer konkret Inhalter diskutéiert gëtt. Mee grondsätzlech wier de Wahlsystem nach net ausgeräift, fënnt d'Sophie in 't Veld. Notamment missten et transnational Kandidatelëschte ginn, fir datt d'Wieler Politiker aus allen EU-Länner kéinte wielen.