Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Biréli Lagrène and Sylvain Luc - All the Things You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng: 4 Kandidate fir Poste vum Parteipresident

National Politik

déi gréng: 4 Kandidate fir Poste vum Parteipresident

Bei deene Grénge kandidéieren dräi Männer an eng Fra fir Parteipresident ze ginn. Dat confirméiert d'Partei op Nofro hin. Nieft dem aktuelle President Christian Kmiotek hu sech bei de Männer och zwee manner bekannte Kandidate gemellt.

auto_stories

1 min

Den David Gawlik, deen eréischt zanter e puer Wochen an der Partei ass, an den Athanase Popov, deen am Exekutiv-Comité vun déi gréng setzt. Bei de Frae kandidéiert just d'Deputéiert Djuna Bernard.

déi gréng wielen e Samschdeg op hirem Kongress zwee Parteipresidenten. D'Statute vun der Partei gesi vir, datt d'Partei zesumme vun enger Fra an engem Mann geleet gëtt.