Radioen

On air

Notturno  |  Marcus Marr - Familiar Five

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi Gréng missten Deel vun der Koalitioun sinn."

EU

"Déi Gréng missten Deel vun der Koalitioun sinn."

​D'Ursula von der Leyen huet et gepackt. Hir Kommissioun gouf vum Europaparlament gutt geheescht. Allerdéngs kéint et fir si an Zukunft méi schwéier ginn, eng Majoritéit opzebauen, seet den Europadeputéierte Charel Goerens (DP). Hie fënnt, déi Gréng hätte missen agebonne sinn. Si wiere prett gewiescht, hätten awer keng Offere gemaach krit, sou d'Europadeputéiert Tilly Metz (Gréng).

auto_stories

3 min

De Mëttwoch huet d'Europaparlament mat grousser Majoritéit déi nei Europäesch Kommissioun gutt geheescht. Déi dräi grouss Parteien, d'Europäesch Vollekspartei, d'Sozialisten an déi Liberal hu bal komplett fir d'Equipe vun der Ursula von der Leyen gestëmmt.

Protest-Vott vum Charel Goerens

Vun den 108 Deputéierte vun deene Liberalen, hu sech der véier enthalen. Een dovun ass de Lëtzebuerger DP-Deputéierte Charel Goerens. Säi Vott wier ee Protestvott géint d'Manéier gewiescht, wéi d'Parlament sech par rapport zu der liberaler Kommissärskandidatin Sylvie Goulard verhalen hätt. Fir de Charel Goerens wier si eng ideal Kandidatin gewiescht an d'Commissioun juridique vum Europaparlament hätt si jo och duerchgewénkt. Dono wier awer "eng richteg Persecutioun" ausgeléist ginn.

Et wier gutt, datt d'Parlament dat prinzipiellt Recht hätt, fir eng Kandidatin fir en EU-Kommissärsposten ze refuséieren, dat wier awer "kee Fräifaartsschäi fir vun deene Rechter ze abuséieren", sou de Charel Goerens.

Déi Gréng trauen de Wierder net

An der grénger Fraktioun hätt et keng parteipolitesch Iwwerleeunge ginn, wéi ee Kandidat ee favoriséiert a wéi een net, seet d'Europadeputéiert Tilly Metz. Déi Gréng hätten exklusiv no den Inhalter an der Attitüd vun de Kommissärskandidate gekuckt, sou déi gréng Europadeputéiert.

Hir Fraktioun hätt decidéiert sech ze enthalen, well si de schéine Wierder an den Deklaratioune vun där neier Kommissiounspresidentin net iwwer de Wee trauen, sou d'Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene Gréngen. Zwar wier vill vu "green deal" rieds, et géif een awer zum Beispill an der Beschreiwung vun der Agrarpolitik déi Iddien net onbedéngt erëmfannen.

Komplizéiert Majoritéitsverhältnisser an der Zukunft

Fir den Europadeputéierte vun der DP, hätten déi Gréng missen an déi pro-europäesch Koalitioun mat agebonne ginn, well d'Majoritéit am Parlament fragil wier. Et gëtt ee staarke Rietsblock, dee wäert ganz decisiv awierken an et kéinten dowéinst all Kéiers iwwer 100 Stëmme feelen, fir eng Majoritéit op d'Been ze stellen, sou de Charel Goerens. Déi Gréng hätten och e Kommissär misste kréien, ass de liberalen Europapolitiker iwwerzeegt.

Déi Gréng ware prett dofir, seet d'Tilly Metz. Ob d'Fro, ob si net genuch vun der zukünfteger Kommissiounspresidentin offréiert kruten, äntwert déi Gréng Europadeputéiert, "Posten an natierlech méi konkret Moossnamen, dann hätt ee jo och anescht do kéinte matschaffen. Sou ware mir awer außen vor, wat verschidde Gespréicher ugaange sinn."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.