Radioen

On air

De Moien  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi ominéis Zuel vun 1.000 Awunner knacken

Gemengepolitik

Déi ominéis Zuel vun 1.000 Awunner knacken

Eng biergerfrëndlech Politik maachen an déi ominéis Zuel vun 1.000 Awunner knacken. Dat steet an der Agenda vum Jean Konsbruck, dem neie Buergermeeschter vun der Gemeng Sëll. De Wiessel un der Spëtzt vun der klengster Gemeng am Land gouf duerch den Doud vum fréiere Buergermeeschter Raoul Clausse néideg. Wéi ass de Jean Konsbruck Buergermeeschter ginn, deen zanter dem 7. Mäerz um Rudder ass.

auto_stories

4 min

Jean Konsbruck: U sech war ech net Kandidat. Mir hunn eis do getraff, also dee Grupp, dee sech no de Wahle fonnt hat, deen d'Majoritéit gebilt huet. Déi éischt Fro, déi do gestallt gouf war, ob mir dee Programm, dee mir mam Raoul Clausse ugaange sinn, fäerdeg maache bis zum Schluss. Déi Fro ass mat "Jo" beäntwert ginn. An dono hu mir den Tour de table gemaach, esou wéi d'Leit gewielt gi sinn, der Reiefolleg no an do ware Leit, déi viru mir waren op der Lëscht, déi aus verschiddenaartege Grënn, aus berufflechen oder zäitleche Grënn, net fir déi Positioun a Fro komm sinn. An dunn hunn ech mech responsabiliséiert gefillt fir déi Plaz unzehuelen.

Maurice Antony: Dir waart bei de Gemengewahlen de Leschtgewielten op der Lëscht. Verspiert Dir doduerch e gewëssenen Drock? Gëtt Är Aarbecht méi kritesch beuerteelt?

Nee, u sech net. Dat waren elo och net esou grouss Differenzen an engem klengen Duerf. Bon, ech si bäigezunn, dann ass dat schonn ëmmer e bësse méi schwéier fir un d'Leit erunzekommen. Mee ech hunn am Fong keen Drock, well mir dat ëmmer demokratesch geléist hunn.

Wéi war Är Relatioun mam fréiere Buergermeeschter a wéi ënnerscheede sech Är politesch Agendae mat deene vum Raoul Clausse?

Also mir haten eng exzellent Zesummenaarbecht a mir hunn eis och privat e puermol getraff. Mir féieren dee Programm weider, dee mir ugefaangen haten. Mir sinn eng kleng Gemeng an do sinn nach grouss Saachen, déi op eis duerkommen. Mir probéieren och nach e bëssen ze wuessen.

Dir huet elo vun deem Programm geschwat. Wéi eng Defie waarden do op d'Gemeng Sëll? Wéi eng Ännerunge kommen an Zukunft op d'Gemeng Sëll duer?

Also virun allem emol méi biergerfrëndlech ginn a méi op d'Leit duergoen. Och vläicht dem Besoin vun de Leit méi nolauschteren. Net ëmmer blann drop lass schaffen, mee einfach mol kucken "Wou sinn d'Besoine vun de Bierger". A wéi gesot eben och probéieren, dann effektiv déi ominéis Zuel vun iwwer 1.000 ze erreechen, fir datt mir do och finanziell besser opgestallt sinn, well ee jo och da méi Subventioune kritt iwwer d'Loi communale, iwwer d'Gemengefinanzen, wéi dat wat bis elo de Fall ass.

D'Awunner vu Sëll hu sech géint eng Fusioun ausgeschwat. Wéi stitt Dir als Buergermeeschter an och als Bierger zu enger Fusioun?

Et muss een de Biergerwëlle respektéieren. Am Moment ass dat keen Thema. Dat war och net an eisem Programm esou virgesinn. Wéi gesot, mir schaffen an déi dote Richtung, datt mir eegestänneg kënne funktionéieren. An allen Unkenrufen zum Trotz huet zum Beispill eis Gemeng méi Sue kritt, wéi dat virdrun de Fall war.

Dat heescht, mir mussen anescht haushalte wéi aner Gemengen. Mir kënne keng esou grouss Spréng maachen, mee wann een do anstänneg mat senge Suen ëmgeet, ass dat duerchaus méiglech. A wa mir fusionéieren, da just am Kanton Réiden. Do kënnt näischt aneschters a Fro.

Wat ass dann déi gréissten Erausfuerderung fir d'Gemeng Sëll? Stéchwuert Trafic.

Den Trafic ass effektiv e ganz grousse Problem. Mir schaffen elo op zwou Nationalen, d'N8 an d'N12. Mir haten och do schonn zum Raoul Clausse senger Zäit Gespréicher mam Transportminister, wou mir um Ministère waren an eise Projet och virgestallt hunn fir verkéiersberouegt Zonen op deenen Nationalen. An do hu mir och elo virun e puer Méint den Accord kritt vum Minister, datt mir op der N8 elo eng 30er Zone wäerte kréien op der Nationale. Mir haten dat och probéiert op der N12. Do si mir net esou wäit komm, mee do hake mir nach no.

Huet een als Buergermeeschter vun enger klenger Gemeng manner oder awer grad méi Aarbecht, doduerch, datt ee méi no un de Leit ass?

Op enger klenger Gemeng ass ee vill méi sollicitéiert. Just fir Iech ze soen, ech hunn néng Stonne Congé politique. Glécklecherweis kommen iwwer d'Gemengesyndikater fënnef Stonnen dobäi, well d'Kolleege relativ generéis mat mir waren. Esou datt ech op 14 Stonne kommen. Mee dat geet bei wäitem net duer.

Dat heescht, do gi vill Fräizäitstonnen drop fir effektiv déi Saachen do ze maachen. Fir all Klengegkeet gëtt een do gebraucht. Do ginn Decisioune geholl an do ass de Buergermeeschter dann och dobäi. Bei anere Gemenge ginn et vill méi grouss Servicer, wou ee sech net ëm déi Saache brauch ze këmmeren. Et huet natierlech och dee Virdeel, datt een ëmmer weess, wat a senger Gemeng lass ass.