Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maehila - Sérénité

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi ouni "liberal"

Europaparlament

Déi ouni "liberal"

Déi Liberal am Europaparlament si gewuess, virun allem nom Bäitrëtt vun de Gewielte vun der franséischer Lëscht "Renaissance". Déi wollten als éischt dat Wuert "liberal" lass ginn. Inhaltlech bleift een deene fréiere Prinzipien awer trei, seet den DP-Europadeputéierte Charel Goerens.

auto_stories

4 min

Déi Liberal goufe bis elo am Bréisseler Jargon "ALDE" genannt. Dat ass d'Ofkierzung vun "Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa". Elo heesche si anescht, nämlech: "Renew Europa - Inspired to build a free and fair Unioun".

"Et ass eng Ëmschreiwung, eng Paraphraséierung, déi zimlech gutt dat erëm gëtt, wat mir all empfannen", sot den DP-Europadeputéierte Charel Goerens kuerz nodeems sech seng politesch Famill am Europaparlament e Mëttwoch an enger interner Sitzung ëmgedeeft hat.

Déi negativ Konnotatioun lassginn

Den neien Numm hate sech ënner anerem déi 21 nei Europadeputéiert vun der franséischer "Renaissance" gewënscht, déi sech dem fréiere liberale Grupp ugeschloss hunn.

Et goung ënner anerem drëm, dat Wuert "liberal" lass ze ginn. Dat huet bei de Membere vum Emmanuel Macron senger Partei "En marche" an och bei aneren eng negativ Konnotatioun. Fir deem ze entgoen, hätt ee sech elo op een neien Numm gëeenegt, sou de Charel Goerens.

Perséinlech huet de Spëtzekandidat vun der Lëtzebuerger DP awer näischt dogéint, weider als "liberale" Politiker bezeechent ze ginn: "Ech si fir ee fairt a fräit Europa. Dat ass am Fong och eng Ëmschreiwung vum Wuert liberal. De Numm ass fir mech net dat Wichtegst an deem Prozess, wou mir elo dra sinn."

Schwierege Start fir Loiseau

Déi franséisch Delegatioun hat ënner der Leedung vun hirer Cheffin, der Nathalie Loiseau déi lescht Woch eng fulminant Entrée an d'Parlament ofgehalen. Déi franséisch Ex-Ministesch soll an engem Hannergrondgespréich der franséischer Presse géintiwwer annoncéiert hunn, datt vun elo un een anere Wand an der Fraktioun bléist, datt et eriwwer wier mat "small a beautiful", datt nei Methoden ënner enger neier Féierung géifen agefouert ginn.

"Mech stéiert et net, wann ee mat där doten Attitüd kënnt, ech hunn absolut kee Problemlos domat, wann e seet, mir musse frësche Wand erabréngen. Mir si jo och mat iwwer 40 neien Deputéierten an der Fraktioun vum Wieler dozou gedriwwen", seet dozou de Charel Goerens.

Keng kloer Ausso zu Spëtzeposten

Wat déi liberal Ambitioune fir de Poste vum Kommissiounspresident ugeet, dréngt net ëmmer ee klore Message no baussen.

"I am indeed still candidate" (ech si nach ëmmer Kandidatin), sot en Dënschdeg d'Margerethe Vestager, den Ament nach Kommissärin fir d'Konkurrenz. Si war eng vun de Spëtzekandidate vun de Liberalen an ass am Gespréich fir Kommissiounspresidentin ze ginn.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hat virun zwou Woche keen Heel doraus gemaach, datt säin Häerz fir déi dänesch Kandidatin schléit. Och de Charel Goerens fënnt si wier eng gutt Kommissiounspresidentin. Allerdéngs wier et net sécher, wéi eng Chance si wierklech huet, wann een de ganze Pak vu Posten ukuckt, déi do ze verdeele sinn.

"Guy Verhofstadt wier een exzellente Parlamentspresident"

Ee vun deene Posten ass dee vum Parlamentspresident. An dofir wier de fréiere belsche Premier a Chef vun der liberaler Fraktioun am Europaparlament, de Guy Verhofstadt, ee gudde Kandidat: "U sengem Talent zweiwelt keen, de Guy Verhofstadt ass een exzellente Kandidat. Wann et esou wäit kënnt, hoffen ech, datt hien och deen néidegen Appui kritt."

De Guy Verhofstadt huet scho laang Ambitiounen op dee Posten, allerdéngs huet déi Kandidatur een Hoken: et ass onwahrscheinlech, datt déi Liberal zwee vun deene véier Top-Posten, déi den Ament am Gespréich sinn, zougestane kréien.

Entweder d'Margerethe Vestager als Kommissiounspresidentin oder de Guy Verhofstadt als Parlamentspresident. Do schéngt sech d'Partei selwer net eens ze sinn. Vläicht ass dat och de Grond, datt ee bis elo keng kloer Linn no bausse vertrëtt.

De franséische President Emmanuel Macron, selwer keen onwichtegen Acteur an deem Spill, huet dës Woch d'Angela Merkel als Kommissiounspresidentin an d'Spill bruecht. Sollt si interesséiert sinn, géif hie si fir dee Posten ënnerstëtzen, sot hien an engem Interview mam Schwäizer Fernseh.

Dat wier vläicht och eng Manéier fir ze soen, datt Frankräich net fir de Manfred Weber, awer net géint Däitschland ass, interpretéiert de Charel Goerens dem Macron seng Ausso. Hien hält et net fir onméiglech, datt de franséische President nach den Joker Michel Barnier, de fréiere franséischen EU-Kommissär, op den Dësch leet.

Déi däitsch Bundeskanzlerin selwer huet iwwregens schonn e puer Mol dementéiert, datt si Ambitiounen op een héijen EU-Posten huet.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.