Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi politesch Parteie kréien an Zukunft méi Sue vum Staat

Parteiefinanzéierung

Déi politesch Parteie kréien an Zukunft méi Sue vum Staat

Déi politesch Parteie solle vun 2020 u ronn 30 Prozent méi staatlech Sue kréien. Dat gesäit d'Gesetzespropositioun vum LSAP-Fraktiounschef fir d'Reform vun der Parteiefinanzéierung vir. Den Text soll nach virun Enn vun dësem Joer deposéiert ginn. D'Ziler dovu wiere méi Transparenz a méi Gläichbehandlung, huet den Alex Bodry ugekënnegt.

auto_stories

2 min

Fir jiddwereen, dee Wallëschten opstellt, sollen déi selwecht Reegele gëllen, erkläert den LSAP-Fraktiounschef an Auteur vun der Propositioun Alex Bodry. Et soll zum Beispill garantéiert sinn, datt d'Gesetzer fir Parteispende respektéiert ginn. Et wéilt ee verhënneren, datt Personnes morales Parteie finanzéiere kéinten an domat Afloss op d'Walresultat géifen huelen. "Dofir hu mir hei zu Lëtzebuerg eng ganz staark staatlech Subventionéierung vun de Parteien", sou den Alex Bodry.

Virgesi wieren och zousätzlech Reegele fir Leit, déi kandidéieren, erkläert den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. D'Kandidate missten ee Mount no de Walen eng Deklaratioun ofginn, wou si zertifiéieren, datt si keng Done kritt hunn, an et si Strofen ageféiert ginn, souwuel fir déi Kandidaten, déi déi Certificaten net ofginn, wéi och fir d'Parteien, wa si d'Delaien net respektéieren.

Méi streng gereegelt gi sollen individuell Campagnë vu Kandidaten, esou den Alex Bodry. All déi perséinlech Walcampagnë missten an d'Comptabilitéit vun de Parteien integréiert ginn. Perséinlech Campagnen, déi deene Krittären net entspriechen, si verbueden.

Duerch déi geplangte Changementer bei der Parteiefinanzéierung wäert sech fir d'CSV konkret näischt veränneren, ausser der méi héijer Zomm, sou den Deputéierte Léon Gloden.

"Mir sinn zefridde mat deem Avant-Projet, deen den Här Bodry opgrond vun den Diskussiounen ausgeschafft huet." Nom geplangten Akraafttriede vum Gesetz wier et wichteg, d'Partei-Memberen iwwer d'Interpretatioun dovun ze sensibiliséieren, esou nach den CSV-Deputéierten.