Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi traditionell Foire op der Sich no neie Weeër

Luxexpo

Déi traditionell Foire op der Sich no neie Weeër

D'Hierschtfoire huet an deene läschte Joeren ëmmer manner Succès. Ass déi traditionell Foire nach zäitgeméiss, wann den Onlinehandel boomt? D'Luxexpo versicht sech nei opzestellen.

auto_stories

3 min

D'Luxexpo wëll sech nei opstellen, fir den Ufuerderunge vun der Zäit gerecht ze ginn (Copyright Foto: Luxexpo)

Et ass kee Geheimnis: d’Foireshalen um Kierchbierg sinn am Moment net rentabel. De Raymond Schadeck ass President vum Verwaltungsrot vu Luxexpo. Hien erklärt déi ablécklech Situatioun domat, datt momentan vill Verännerungen ustinn. Et wier eng Transitiounsphas déi liicht méi schwiereg wier. Allerdéngs wieren an de läschte Joeren eng rei Moyenen accumuléiert ginn, déi lo reinvestéiert ginn.

Erausfuerderung Internet

An de läschte Joeren si Renovatiounsaarbechten an de Foireshalen duerchgefouert ginn. Doduerch hätt d'Offer qualitativ kënne verbessert ginn, där Meenung ass de Jean-Michel Collignon, Direkter vun der Luxexpo. "Mir si vill besser plazéiert fir e professionelle Public, fir international Konferenzen, Kongresser, Betribsfeieren hei ze empfänken", erklärt hien.

Et féiert scheinbar kee Wee dru laanscht: traditionell Foirë missten hiert Konzept iwwerschaffen, esou de Raymond Schadeck. D’Entwécklung géing a Richtung vu méi interaktive Foiren, wou Clientë Produite kennen ausprobéieren. Stéchwuert Internet: hei gëllt et, komplementar ze sinn.

Ee Beispill fir des Entwécklung ass d’Hierscht-Foire, déi zënter dem läschte Joer Home and Living Expo heescht. Nieft dem Numm ass och d'Konzept nei. D'Zil: méi cibléieren. "D'Hierschtfoire war méi eng allgemeng Manifestatioun wou een nach méi Servicer an aner Saachen ugebuede krut déi mer lo net méi fannen. Mir hunn eis strikt limitéiert op bauen, renovéieren, Innenariichtung an de Logement", erklärt de Jean-Michel Collignon.

"Mir brauche keng Massen, mee de qualifizéierte Client"

Eng 300 Exposante sinn dëst Joer op der Home and Living vertrueden. Si sinn sech bewosst, datt d’Visiteurszuelen an de läschte Joren zréckgaang sinn. Déi meescht Exposante sinn awer iwwerzeegt, datt Foiren och an Zukunft weider wäerten eng Roll spillen.

Sprangende Punkt kéint do de perséinleche Kontakt sinn, professionell Berodung an d'Tatsaach, datt eng Foire och do ass fir unzepaken. Ee vun den Exposante seet: "Mir brauchen net d'Massen, mee de qualifizéierte Client, dee bei eis kënnt well en intresséiert ass an eng Berodung brauch".

D'Hal 6: wat geschitt nom Fréijoer?

Wei genee d’Gebaier vun der Luxexpo an e puer Jore wäerte genotzt ginn ass am Moment schwéier anzeschätzen. Sou ass zum Beispill net gekläert wat mat der Hal 6 wärt geschéien. An de nächsten Deeg sollen hei éischt Flüchtlingen ënnerbruecht ginn – bis d’Fréijor. Wéi d’Haal duerno amenagéiert gëtt ass nach net decidéiert. Allerdéngs, sou de Raymond Schadeck, kéint hei eng multimodal Hal entstoen, wou genausou gutt Concerte wéi och Receptioune kënnen organiséiert ginn.

Och wann d’Luxexpo haut deelweis op hir finanziell Reserve muss zréckgräifen, soll d’Geschäft an de nächste Joren ausgebaut ginn. Datt et am Moment eng Rei oppe Froen ëm d’Luxexpo gëtt, veronséchert de Raymond Schadeck net. Hien seet: "Fragezeiche ginn et ëmmer, dat ass dat wat et sou intressant mécht".