Den Hadsch verleeft no engem präzise Ritual: Deen éischten Dag, siwen Tier ronderëm d'Kaaba - déi quadratesch Konstruktioun am Bannenhaff vun der helleger Moschee zu Mekka. Den zweeten Dag geet et op de Bierg Arafat, den drëtten Dag gëtt e Béischt - meeschtens e Schof - geaffert. De véierten Dag gëtt den Däiwel symbolesch gestengegt, doduerch, datt all Pilger Steng widder Saile geheit. An dee leschten Dag sinn et dann nach emol siwen Tier ronderëm d'Kaaba.
Den Hadsch an de gesellschaftleche Stellewäert
Wien de Pèlerinage gemaach huet, deen ass dono "quelqu'un", erkläert de Pater Alberto Ambrosio, Islamexpert a Professer op der Luxembourg School of Religion and Society.
A verschiddene Dierfer an islamesche Länner, géife Persounen, déi den Hadsch matmaachen, éirewäert Leit ginn. si ginn zu Representanten oder Virbiller fir d'Praxis vum Islam.
Ekonomesch wichteg
Fir Saudiarabien ass den Hadsch eng grouss Recette. De wirtschaftlechen Impakt geet de vum Pëtrol net wäit aus de Féiss. Den Hadsch ass awer och eng enorm Erausfuerderung. Zwou an eng hallef Millioune Mënschen, déi op engstem Raum musse logéiert a gefiddert ginn.
Et stelle sech natierlech och Sécherheetsfroen an deem Kontext. Fir den Undrang ze limitéieren an ze steieren, vereedelen déi saudesch Autoritéite Quoten un d'Länner. Frankräich hat dëst Joer zum Beispill eppes iwwer 21.000 Pilger zegutt, Däitschland 8.000, de gréisste Kontingent - 200.000 - ass fir Indonesien.
Politeschen Aspekt
Vum reliéise Choix ofgesinn, ass dat natierlech och ee politesche Choix, seet de Pater Alberto Ambrosio. Et ass evident, datt ee mat engem Quota och Politik géif bedreiwen.
Lëtzebuerg kritt iwwregens och eng Quot zougesprach. Well et hei am Land awer keng Agence gëtt, déi déi Rees organiséiert, gëtt se net genotzt. Déi meescht Mosleme vun hei fueren iwwer bosnesch oder belsch Agencen. Et ass dofir och net méiglech präzis ze soen, wéi vill Pilger sech vu Lëtzebuerg aus op de Wee op Mekka gemaach hunn.