Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi wichtegst Froen an Äntwerten

Affär Traversini

Déi wichtegst Froen an Äntwerten

De Roberto Traversini ass scho virun zwou Wochen als Buergermeeschter vun Déifferdeng zeréckgetrueden. Gëschter dunn huet hien och säi Mandat als Deputéierten opginn. Hien huet eng Demande gemaach, fir säin Gaardenhaus ofrappen ze loossen, an de Parquet enquêtéiert géint hien.

auto_stories

5 min

D'Michèle Sinner huet d'Affär Traversini recherchéiert an äntwert op déi wichtegst Froen

Firwat steet dann d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg ënner Drock?

Effektiv muss d'Carole Dieschbourg fir d'zweete Kéier dës Woch an d'Chamber, fir den Deputéierte Ried an Äntwert iwwer déi Geneemegung ze stoen, déi si hirem Parteikolleeg den 12. August ausgestallt huet. Et geet dobäi ëm d'Fro, ob si hie bevirdeelegt huet, andeems si d'Aarbechten um Gaardenhaus nodréiglech erlaabt huet.

De Parquet huet am Zesummenhang mat der Enquête Traversini Perquisitiounen am Ëmweltministère gemaach, fir Ënnerlage sécherzestellen.

Jo. A wann ee bedenkt, wat an deene leschten Deeg geschitt ass:

  • E Méindeg huet d'Carole Dieschbourg mat hire Beamten eng Pressekonferenz ofgehalen, wou si Explikatiounen iwwer d'Geneemegung ginn huet,
  • En Dënschdeg war si an der Chamberkommissioun. ­A si huet dono och zouginn, datt de Roberto Traversini hir Bescheed gesot hat, datt hien eng Demande fir eng Autorisatioun misst maachen.

Obwuel hie selwer méi wéi eemol gesot hat, hien hätt zu kengem Moment mat der Carole Dieschbourg doriwwer geschwat. Ob d'Perquisitioun scho méi laang geplangt war, wësse mir net, mee um Ëmweltministère kann de Parquet jo egal wéi nëmmen Dokumenter sécherstellen, déi mam Traitement vum Roberto Traversini senger Demande op dem Ëmweltministère ze dinn hunn.

Dee war zimlech séier. Den 9. Juli huet hie seng Demande gemaach an den 12. August hat hie se zeréck ...

Genee. An do gëtt et (vill) Leit déi mengen, dat wier aussergewéinlech rapid, fir esou eng Autorisatioun ze kréien, obschonns d'Ministerin seet, hir Servicer géife vill Demanden sou séier traitéieren. Et ass och esou, datt de Fierschter vun Déifferdeng, dee säin Avis zur Demande huet misse ginn, dat nach deen nämmlechten Dag gemaach huet, wéi se bei him erakoum. An deen nämmlechten Dag huet de Chef d'arrondissement och säi Feu vert ginn, iwwer e-Mail a wéinst dem Congé huet hien den Avis awer eréischt ofgestempelt, zwee Deeg nodeems d'Ministerin d'Autorisatioun ënnerschriwwen hat. Bis elo läit awer keen Element vir, dat géif weisen, datt d'Carole Dieschbourg sech konkret an d'Prozedur agemëscht hätt, an de Chef d'arrondissement huet dat och formell verneint e Méindeg.

En Méindeg an en Dënschden goung och rieds dovun, ob d'Autorisatioun iwwerhaapt hätten dierfen ausgestallt ginn.

Jo. Well eng Fro ass, op den Dossier vun der Demande iwwerhaapt komplett genuch war, fir däerfen traitéiert ze ginn. An déi an eng aner Fro ass, wat d'Base legale vun der Decisioun war.

Do komme mir wierklech an den Detail vun de Gesetzestexter. D'Gaardenhaus steet an der Reserve naturelle Prënzebierg an déi ass 1991 iwwer e Reglement geschafe ginn, dat a sengem Artikel 3 all Zorte Konstruktioune verbitt.

Dofir soen der Carole Dieschbourg hir Kritiker an dësem Dossier, si hätt keng Autorisatioun dierfe ginn. An dorop äntwert si dann, si hätte sech op den Artikel 5 baséiert, deen dat Verbuet ophieft. Allerdéngs gëllt dat fir Mesuren, déi wéinst dem Erhalt vun der Naturreserve geholl ginn. An do kann ee sech froen, ob eng Holzfassad an nei Fënstere fir dem Roberto Traversini säi Gaardenhaus dozou gehéieren.

D'Autant plus ass et esou, datt sech an der Autorisatioun guer net op dat Reglement beruff gëtt, mee just op d'Naturschutzgesetz vun 2018. Dat regléiert am Artikel 7, wat mat bestoende Konstruktiounen an der Gréngzone soll oder dierf gemaach ginn.

An do ginn et och Meenungsdifferenzen?

A net ze mann. E Méindeg gouf um Ëmweltministère erkläert, et hätt ee sech op den Abschnitt 7 (1) beruff. Do steet dran, de Minister kéint ordonnéieren den äusserlechen Aspekt vun enger Konstruktioun ze verbesseren, wa se de Charakter vun engem Site kompromettéiere géif.

Do soen der Carole Dieschbourg hir Kritiker, dat wier net applicabel, well si hei dem Roberto Traversini net ordonnéiert hätt eng Holzfassad op säin Haischen ze maachen. Mee et ass esou, datt an den Abschnitter duerno am Gesetz ëmmer vu "Constructions légalement existantes" rieds ass, zum Beispill am Artikel 7 (2), wou steet, legal bestoend Konstruktioune kéinte mat der Autorisatioun vum Minister renovéiert ginn.

De Mike Wagner, der Mme Dieschbourg hire Conseiller, huet eis par ailleurs déi virlescht Woch selwer erkläert, de Roberto Traversini hätt op Basis vun dësem Artikel souguer eng Geneemegung gebraucht, fir d'Fënsteren um Haapthaus, dem Bungalow ze ersetzen.

Firwat berifft sech d'Ministerin dann net op dësen Artikel fir hir Autorisatioun?

Well d'Gaardenhaus, an dat huet si selwer zouginn an et steet och am Avis vum Fierschter, ouni Baugeneemegung gebaut gouf, et also net légalement existent ass.

Huet d'Ministerin da bewosst eng Autorisatioun ënnerschriwwen, déi dem Roberto Traversini favorabel war?

Weder dofir, nach fir de Contraire gëtt et den Ament e Beleeg. Si sot, si hätt sech an der Autorisatioun dem Avis vun de Beamten, also dem Fierschter an dem Chef d'arrondissement ralliéiert. Dat ass esou, d'Autorisatioun iwwerhëlt quasi Wuert fir Wuert, deen dofir relevanten Deel vum Avis.

Mee dat ännert näischt drun, datt d'Base legale zimlech wackeleg schéngt. An datt am Dossier och néierens e wierkleche Constat vun de villfältege Verstéiss vum Här Traversini géint d'Naturschutzgesetz steet.