Radioen

On air

De Moien  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déiereversich sinn ëmmer nach de Goldstandard"

Parkinsonfuerschung

"Déiereversich sinn ëmmer nach de Goldstandard"

D'Anna Sophia Monzel gouf ausgezeechent fir d'Entwécklung vun engem Stammzelle-Modell als Alternativ zu Déiereversich an der Parkinsonfuerschung. Déiereversich wieren an der Fuerschung méi etabléiert - d'Resultater vun der Stammzellefuerschung wieren awer wéinst dem geneteschen Hannergrond vum Patient méi relevant.

auto_stories

3 min

D'Anna Sophia Mozel gouf rezent mat engem Präis vun enger Kosmetikfirma ausgezeechent, well si fir hir Recherche iwwert d'Parkinsonkrankheet eng alternativ Fuerschungsmethod zu Déiereversich benotzt huet. Si huet Stammzelle vu Parkinsonpatienten a vu gesonde Leit aus Hautzelle geholl an dës an enger dräidimensionaler Gehir-Zelle-Struktur wuesse gelooss. "Mir konnten souguer noweisen, datt d'Zelle matenaner kommunizéiert hunn". D'Zil wier et erauszefannen, firwat d'Zellen am Gehir vu Parkinsonpatiente stierwen.

Parkinsonfuerschung un Déieren

Dräidimensional Strukture wiere méi no um Mënsch drun, esou d'Fuerscherin. Parkinson kéint awer och duerch zweedimensional Zell-Strukturen oder duerch Déiereversich erfuerscht ginn. Déiereversich si wëssenschaftlech Experimenter un oder mat liewegen Déieren. Si ginn an der Fuerschung ënnert anerem gebraucht, fir Krankheetsprozesser u sougenannten "Déieremodeller" z'imitéieren an esou z'erfuerschen.

An der Parkinsonfuerschung un Déiere géifen "d'Zelle kënschtlech ofgedéit" ginn, seet d'Anna Sophia Monzel. Et géif u Mais un a Rate gefuerscht ginn. Et kéint een awer och "net-human Primate-Modeller" dofir benotzen. Am Fall vu Versich un enger Maus, géif dës gëfteg Substanzen gesprëtzt kréien, déi "Parkinson-ähnlech Symptomer ervirruffen". Dat wier sécherlech mat Péng verbonnen oder géif d'Wuelbefanne vun de betraffenen Déieren affektéieren, seet d'Fuerscherin.

Stammzelle-Resultater méi relevant wéi Déiereversich

Mä d'Erfuerschung vu Parkinson duerch alternativ Methoden, wéi zum Beispill Stammzellefuerschung, wier "däitlech méi relevant" wéi op Basis vun Déiereversich, seet d'Anna Sophia Monzel. "Well een de ganze geneteschen Hannergrond vum Patient huet." Hire Modell wier zwar een "onvollstännege System", mä et wier méi relevant, wéi de komplette System vun engem Déier.

"Ausserdeem muss ee soen, datt vill Medikamententester, déi un Déiere gemaach goufen, beim Mënsch deelweis keng Wierkung oder just de Contraire bewierkt hunn."

Stammzellefuerschung wier awer deier an a ville Laboratoiren nach net etabléiert, seet d'Anna Sophia Monzel.

Déiereversich ëmmer nach de "Goldstandard"

An der Fuerschung géifen ëmmer nach Experimenter un Déiere gemaach ginn, well dës Tester "etabléiert sinn", seet d'Anna Sophia Monzel.

"Déieren hunn ee kompletten Organismus. Dat heescht, et huet een e ganze Kierper: E Gehir, een Daarm an Oderen. Dat hu mir an eisem (Zellstrukture)-Modell natierlech net. Eis Modeller sinn net komplett, mä absolut relevant."

An der Grupp fir Entwécklung a Zellbiologie vum Dokter Jens Schwamborn op der Uni Lëtzebuerg géif si zesumme mat anere Wëssenschaftler dru fuerschen, fir Oderen an déi kënschtlech Zellstrukturen z'integréieren, esou nach d'Anna Sophia Monzel. Éischt Resultater kéinten awer nach e puer Joer daueren.

Fuerschung an Zukunft ouni Déierenexperimenter?

Datt d'Fuerschung an Zukunft ganz op Déiereversich kéint verzichten, wier éischter schwiereg, mengt déi jonk Fuerscherin. "Ech hoffen et natierlech. Ech mengen awer, datt mir an Zukunft duerch Stammzellefuerschung an doduerch, datt ëmmer nei Methoden entwéckelt ginn, vill Déiereversich limitéiere kënnen. Datt vill Versich einfach iwwerflësseg ginn."