Divergenzen, ugefaange mat der Kamera-Iwwerwaachung - d'Oppositiounsparteien DP a LSAP fuerderen eng Kameraiwwerwaachung vu sougenannten Hotspots vun Drogekriminalitéit. D'Situatioun wier därmoossen aus dem Rudder gelaf, do géif kee Wee derlaanscht féieren, sot den DP-Conseiller François Meisch.
Kamera-Iwwerwaachung ee wichtege Punkt
Dat huet déi gréng Buergermeeschterin Christiane Brassel-Rausch méi nuancéiert gesinn. Si wier net prinzipiell dogéint, mee et kéint just ee vu ville Moyene sinn.
Datt Kamerae kee Wonnermëttel wieren, där Meenung war och den kommunistesche Gemengeconseiller Ali Ruckert. Do wou se a grousse Stied agesat géifen, wier empiresch nogewisen datt se keen Impakt op d'Zuel vun den Delikter hätten. Donieft misst een sech eng ganz aner fundamental Fro stellen:
"Mir sti virun de Schierbele vun enger gescheiterter Sozial- an Integratiounspolitik. Et ass net wéi wann dat just Déifferdeng betrëfft. Déifferdeng ass och eng Stad wou déi gréisste Problemer sozial sinn, a wann een net den Zesummenhang gesäit, dann ass ee blann."
Police-Presenz: Drock maachen op nationalem Niveau
D'Police-Presenz war an der Debatt de kriteschste Punkt. D'Gemeng kéint nëmmen Drock op nationalem Niveau maachen, wuelwëssend, datt kuerzfristeg keng direkt Léisung komme kéint, Christiane Brassel-Rausch:
"Dat wat an eiser Kompetenz louch, Gespréicher sichen, Partner, Reuniounen, technesch Saache wéi Luuchten. Lo mengen ech ass dee Punkt komm, wou mir als Gemeng direkt net vill méi kënne maachen. D'Police ass den ausschlaggebende Faktor bei deem Ganzen (...) Mir kënnen Drock maachen [als Gemeng], mee och e Minister Kox, dee kritt dat net an dräi Deeg gemaach."
D'Sécherheetsdebatt wier dacks onnuancéiert, dobäi wier et e sozial komplext Phenomen, dat villschichteg ugepaakt misst ginn, esou nach d'Buergermeeschterin.