Déifferdeng verkeeft Bauterrainen zu guddem Präis

D’Gemeng Déifferdeng verkeeft 12 Terrainen zu engem Präis, deen ouni Konkurrenz ass. Fir en Terrain ze kréien, muss ee verschidde Konditiounen erfëllen: viséiert si jonk Déifferdenger Familljen, déi nach keng Proprietéit hunn. Si engagéiere sech 20 Joer ze bleiwen an och ënnert geneeën Oplagen ze bauen.

“Ech well de Gemengenterrain net un e Promoteur ginn, deen drop verdéngt”, seet de gréngen Deputé-Maire Roberto Traversini – “di Terraine gehéieren der Allgemengheet”.

D’Gemeng Déifferdeng huet fir d’Entspanung um Wunnengsmaart schonn eng Parti Initiative geholl. "National geschitt och vill" - seet de Roberto Traversini - op all di Initiativen awer e positivt Resultat hunn, wier eng aner Fro.

Den Interview vum Sophie Morang mam Roberto Traversini:

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen