Radioen

On air

Tockcity  |  Zsela - Lily Of The Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem CSU-Chef Seehofer säi riskant Spill

Däitschland

Dem CSU-Chef Seehofer säi riskant Spill

An engem bayresche Klouschter hu sech d'lescht Woch d'Deputéiert vun der CSU zu hirer Wanterklausur getraff. Fir de bayreschen Deel vun der Uniounspartei CDU/CSU an hire Parteichef Horst Seehofer stoung d'Bundestagswahl 2017 um éischte Plang. De Seehofer huet d'Geleeënheet genotzt, fir seng Positioun vis-à-vis vun der Schwësterpartei CDU ze stäerken a fir seng Strategie fir de Wahlkampf ze presentéieren. Eng Analys.

auto_stories

3 min

Et war deen éischte grousse Rendez-vous fir déi bayresch CSU am Wahljoer 2017 - an den Horst Seehofer huet do weider gemaach, wou hien d'lescht Joer opgehalen huet. Den CSU-Chef huet ugekënnegt, datt - am Fall wou d'Unioun erëm un der Regierung bedeelegt wier - hie weider géif op eng Uewergrenz fir Flüchtlingen bestoen. Sollt dëst net am Koalitiounsvertrag festgehale ginn, géif d'CSU an d'Oppositioun goen.

Dat wier natierlech den Enn vun der Unioun - an dat wäert net geschéien. CDU an CSU brauche sech géigesäiteg, mee e Broch wier fir d'CSU vill méi schlëmm, wéi fir d’Chrëschtdemokraten.

Wat huet de Seehofer wëlles?

Der CSU gëtt - virun allem wéinst der Flüchtlingsdiskussioun an hirer Sturheet a Saachen Uewergrenz - gäre Populismus virgehäit. Kuerz: D'CSU réckelt nach méi no riets, fir keng Wieler un d'AfD ze verléieren. Dat stëmmt sécherlech zu engem Deel, d'Pronosticke gesinn d'AfD a Bayern bei bal zéng Prozent. An déi zéng Prozent kéinten der CSU zu enger absoluter Majoritéit am Bundesland feelen.

Dës Strategie wier awer u sech fir d'Unioun net geféierlech, schliisslech war dat schonn ëmmer en Deel vum Deal. Et gi queesch duerch Däitschland Leit, déi d'CDU wielen, wëll si hannert de nach méi konservativen Iddie vun der CSU stinn, d'Partei awer net wiele kënnen. Aus där selwechter Logik wielen och Leit a Bayern d'CSU, obwuel si sech méi an der CDU erëmgesinn.

Dem Horst Seehofer geet et ëm méi wei just ëm d'AfD. Et geet dem Parteichef vun der CSU och ëm seng eege Persoun. Wann hien de Sträit mat der Kanzlerin Angela Merkel ëm d'Uewergrenz sou laang wéi et geet um Lafen hält, entsteet den Androck, datt just hien esou e schaarfe Cours ka fueren. Wa sech deen Androck festegt, da gëtt et a senger Persoun just ee valabele Spëtzekandidat fir d'bayresch Landtagswahlen 2018.

Datt déi regional Wahle méi wichteg fir eng Partei kéinte sinn, wéi déi national, ass op den éischte Bléck natierlech komesch. Mee d'CSU ass och keng gewéinlech Partei. Zënter 1962 huet d'CSU just eng Kéier keng absolut Majoritéit krut. A genee dës ass awer d'Legitimatioun vun der Partei op nationalem Niveau.

Ee riskant Spill

De Seehofer muss oppassen, datt hie bis zu de Wahlen nach d'Kéier kritt. Oder, besser gesot, datt hien an der gesonder Rumm bleift. Hien däerf net ze schaarf géint d'Angela Merkel schéissen, awer hien däerf och net noginn. Dat Éischt kéint d’Unioun ruinéieren, an dat Zweet seng Credibilitéit ënnergruewen. Och den Horst Seehofer wäert wëssen, datt hie mat engem Cours géint d'Angela Merkel keng Wahle ka gewannen.

Komm mir spillen deen Zeenario eng Kéier aus. De Seehofer an d'CSU refuséieren de Koalitiounsvertrag an d'Unioun spléckt sech. D'CSU geet bei enger rout-rout-grénger Regierung an d'Oppositioun, zesumme mat engem staarken AfD-Pöbeltrupp. De Seehofer hofft op politesche Chaos, deen - sou d'Rechnung - d'Wieler bei der Landtagswahl 2018 an d'Äerm vun der CSU dreift.

Et wier ee riskant Spill, an de Seehofer spillt gären. Just: Politesche Chaos zu Berlin wäert d'AfD net méi schwaach maachen, ganz am Géigendeel. Zu Berlin verléieren, fir hei zu München ze gewannen - dee Risiko ass och engem Seehofer ze héich.