Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Fernand Kartheiser seng parlamentaresch Immunitéit spillt

No Antisemitismus-Virwërf op Chambertribün

Dem Fernand Kartheiser seng parlamentaresch Immunitéit spillt

Beim Fernand Kartheiser sengen Antisemitismus-Virwërf Enn 2017 op der Chamber-Tribün un d'Adress vun der ONG "Comité pour une paix juste au proche orient" a vun der deemoleger Presidentin Martine Kleinberg, spillt dem ADR-Deputéierte seng parlamentaresch Immunitéit. Dat huet d'Friddensgeriicht de Mëttwoch an engem Urteel fest gehalen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Ob dem Deputéierte seng parlamentaresch Immunitéit och bei sengen änlech formuléierten Aussoen 2018 an engem 100,7-Interview spillt, muss nach gekläert ginn. Iwwert dës Fro soll den 12. Januar 2022 an enger weiderer Geriichts-Sitzung debattéiert ginn, steet an engem weideren Urteel dat eis virläit ze liesen.

De Comité fir e gerechte Fridden am Noen Osten a seng fréier Presidentin haten de Fernand Kartheiser ugesicht, well hien de 5. Dezember 2017 an der Chamber gesot hat, de Comité wier "heiansdo oppen antisemittesch". Bei der deemoleger Presidentin Martine Kleinberg hat den Deputéierte vun engem "Verdacht vun Antisemitismus" geschwat.

"An do ass d'Demande vum Comité pour une paix juste au proche orient a vun der Madame Kleinberg als total irrecevabel erkläert ginn", sou den Affekot vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, de Michel Karp. D'Fro, ob de Fernand Kartheiser fir seng Deklaratiounen zum selwechten Theema och seng parlamentaresch Immunitéit ka benotzen, soll elo den 12. Januar nach emol viru Geriicht analyséiert ginn.

Et geet dobäi ëm een 100,7-Interview vum ADR-Deputéierten den 19. Mäerz 2018. Doran hat de Fernand Kartheiser änlech Kriticke formuléiert, wéi Enn 2017 an der Chamber.

Affekot vum CPJPO optimistesch fir déi nächst Verhandlung

Et géif hien optimistesch stëmmen, datt d'Geriicht d'Affaire net direkt verworf huet, mee d'Detailer an enger weiderer Sëtzung den 12. Januar kläre wëllt, sou den Affekot vum "Comité pour une paix juste au proche orient" a vun der fréierer Presidentin Martine Kleinberg, de Pol Urbany.

"Et ass encourageant an deem Sënn, dass d'Geriicht net direkt dat elo verworf huet, dass d'Geriicht also mol net dovun ausgaangen ass, dass dat d'office ënnert d'Immunité parlementaire géif fale wann een Deputéierte sech iwwert de Radio ausdréckt an dobäi Persounen diffaméiert."