Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Jean-Claude Juncker seng wichtegst Ried vum Joer

Etat de L'Union 2017

Dem Jean-Claude Juncker seng wichtegst Ried vum Joer

Um Mëttwoch Moien hält den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Ried zur Lag vun der Unioun. An der Halbzeit virun den nächsten Europawalen ass si besonnesch wichteg, well et déi lescht Geleeënheet ass, grouss Annonce fir d'Zukunft vun der EU an dëser Legislaturperiod ze maachen. De Jean-Claude Juncker huet ugedeit, och datt hie sech eventuell net mat perséinleche Points de vuen zeréckhale wëll.

auto_stories

3 min

D'Ried zur Lag vun der Unioun ass näischt, wat europawäit fir vill Opreegung suergt. Zu Bréissel an zu Stroossbuerg awer ass et ee ganz wichtege Moment.

Zanter Wochen bereet sech de Jean-Claude Juncker op dee grousse Moment fir, a Gespréicher mat Commissairen, Diplomaten, Ministeren oder Staats- a Regierungscheffen.

D'lescht Joer, eréischt e puer Méint nom Brexit-Referendum a virun de franséische Walen, hat de Kommissiounspresident sech a senger Ried éischter defensiv verhalen.

Keng Äntwert zur Kris

Et wéilt een d'Memberlänner "net platt walzen", hat hien den 14. September 2016 gesot. Hien hat och festgehalen, datt d'EU an enger existenzieller Kris stécht.

Op d'Fro, wéi dës Kris bewältegt soll ginn, gëtt et bis elo zu Bréissel keng eendeiteg Äntwert. Et freet ee sech driwwer, datt d'Verhandlungen iwwert den Austrëtt vun Groussbritannien de Rescht vun de 27 EU-Membere méi enk zesumme geschweesst hunn - bis elo.

D'Kommissioun huet verschidden Zeenarie virgeluecht, wéi d'Unioun an Zukunft soll zesummeschaffen: Méi oder manner enk, a mat jidderengem oder op verschiddene Gebidder just zu e puer. Et gëtt erwaart, datt de Jean-Claude Juncker de Bilan zitt vun den Diskussiounen, déi an de leschte Méint dozou gelaf sinn.

Erwaardunge vun Deputéierten

Aus der Ried zur Lag vun der Unioun léist sech traditionell ofliesen, wéi eng Gesetz-Proposen d'Europäesch Kommissioun an den nächste Méint op den Dësch leeë wäert.

Allerdéngs, dorop weist den CSV-Europadeputéierten Frank Engel hin, ass eng Ried zur Lag vun der Unioun net mat engem "État de la nation" ze vergläichen. Als Premier kann een dono déi proposéiert Mesuren méi einfach ëmsetzen, wëll een normalerweis seng Regierung am Réck huet. Praktesch Konsequenzen aus dëser Ried zur Lag vun der Unioun ze zéien ass méi schwéier, well d'Memberlänner d'Proposen och akzeptéieren an ënnerstëtze mussen, sou de Frank Engel.

An deem Spannungsfeld muss sech de Kommissiounspresident beweegen. De Frank Engel wënscht sech awer, datt de President konkret Propose mécht. Hien denkt do zum Beispill un d'Fuerderung, datt de Budget vun der EU endlech muss erweidert ginn.

Fir den Europadeputéierte Charel Goerens muss ee Punkt an dëser Ried zentral sinn - an dat ass d'Solidaritéit an der EU. Si kéint doduerch gestäerkt ginn, an deems een d'Erweiderung vun der EU bis op Weideres blockéiert, sou dem Charel Goerens seng Propos.

Kommissioun gestäerkt duerch Uerteel

D'Migratioun gouf an där leschter Ried zur Lag vun der Unioun éischter kleng gehalen. Dat kéint dës Kéier anescht sinn, ëmmerhi krut d'Kommissioun Réckewand vum Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff. Länner, déi géint Quote fir Flüchtlinge geklot hunn kruten net Recht.

D'Kommissioun war bis elo ze defensiv, fënnt den Europadeputéierte Claude Turmes. Als Gréngen denkt hien als éischt un d'Ëmweltpolitik. Konkret fuerdert de Claude Turmes, datt d'Kommissioun eng Propos fir Quote fir Elektro-Autoen an der EU maache soll.

Wéi konkret dem Jean-Claude Juncker seng Proposen an dësem Etat de l'Union ginn, bleift bis de leschte Moment op. Seng Ried läit zwar um Dënschdeg Owend an engem Brouillon fir, et kéint awer gutt sinn, datt do nach am leschte Moment Saache geännert ginn.