Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Klima-Biergerrot seng Virschléi wäerte wéidoen

Fräie Mikro

Dem Klima-Biergerrot seng Virschléi wäerte wéidoen

De Klima-Biergerrot huet 56 Virschléi ausgeschafft, wat zu Lëtzebuerg geschéie muss, fir de Planéit vun enger Klimakatastroph ze retten. Verschidde Propositioune wäerte wéidoen, mengt de Michel Pauly am Fräie Mikro. Hien erwaart sech éierlech Äntwerte vu Politiker:innen.

auto_stories

3 min

De Michel Pauly ass e Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum. Foto: Archiv

Ech fannen et scho komesch, datt déi 56 Propositiounen, déi de Klima-Biergerrot virun engem Mount presentéiert huet, net méi ëffentlech diskutéiert ginn. Déi Initiativ vum Premierminister ass nämlech aus zwou Ursaachen interessant.

Demokratesch Participatioun tëschent de Walen

Engersäits huet hei en DP-Staatsminister eng Initiativ geholl, fir eppes géint d'Klimakris ze ënnerhuelen: Dat Theema ass also net méi nëmmen e gréngt Theema, mee gëtt och vu Parteie seriö geholl, déi bis elo éischter op d'Industrie gelauschtert hunn.

A si maachen dat mat Hëllef vun engem representativ zesummegesate Biergerrot, deen Experten nogelauschtert an du seng Conclusioune gezunn huet, also ouni op d'Stëmmung bei de Wieler ze lauschteren, wéi dat bei Politiker üblech ass.

Mir schéngt dat eng wichteg Initiativ ze si fir eng gewëssen demokratesch Participatioun tëscht zwou Walen ze erméiglechen. An anersäits proposéiert dee Biergerrot eng Partie Virschléi, wéi mir eis zu Lëtzebuerg méi effikass kéinten derzou bäidroen, d'Klimakris am leschte Moment ze evitéieren. En etlech dervun dierfte wéi doen.

De Fleeschkonsum reduzéieren

Esou verlaangt de Klima-Biergerrot zum Beispill, datt d'Lëtzebuerger Bauere manner Véi sollen ziichten, mee méi Kären a Geméis solle produzéieren, well amplaz 90 Kilo Fleesch am Joer, déi mir aktuell am Duerchschnëtt iessen, solle mir maximal 34 kg d'Joer iessen, well dat dem Klima an eiser Gesondheet zegutt kënnt.

Ech verstinn dofir net, datt de Landwirtschaftsminister op de Reproche vun enger Wort-Journalistin, e géif heemlech am neien Agrargesetz genee dat do ustriewe, net offensiv dat Zil verdeedegt, well dat fir d'Zukunft vun der Mënschheet liewenswichteg ass.

D'CO2-Tax gerecht verdeelen

De Klima-Biergerrot verlaangt och, d'CO2-Tax misst op 200 Euro pro Tonn eropgoen, sollt dofir awer integral un d'Awunner zeréckbezuelt ginn an zwar déi selwecht Zomm fir jiddwereen.

Wien da manner Energie verbraucht géif Sue gewannen, een dee vill verbrauch, géif verléieren. Dat wier eng ekologesch legitim Mesure, déi kloer sozial nuancéiert wier.

Tempolimitt op den Autobunnen

Am selwechten Zesummenhank verlaangt de Klima-Biergerrot en Tempolimitt: 90 op den Autobunnen am Dag, 110 Nuets a Sonndes. Ob ee Politiker sech traut, dat ëmzesetzen, dierf ee gespaant sinn.

Mee och dat ass net nëmmen eng ekologesch sënnvoll Propositioun, mee och ekonomesch positiv ze bewäerten, well wien amplaz vun 130 mat 90 fiert, verbrauch iwwer 20 Prozent manner Bensin oder Diesel, déi an der lescht bekanntlech rar an deier gi sinn.

Firwat sollte mer nëmme beim Heizen Energie spueren?

Éierlech Propose vun de Parteie virun de Walen

Datt dann e gréngen Transportminister an enger éischter Reaktioun fënnt, dat alles wier näischt Neits, ass net nëmmen iwwerhieflech, mee werft och d'Fro op, wisou eng representativ Versammlung seng Mesuren, déi anscheinend an déi Richtung ginn, nach net matkritt huet.

Ech hoffe fir meng Kanner, datt bei de Walen, déi virun der Dier stinn, all Parteien éierlech soen, wat fir Virschléi vum Klima-Biergerrot se wëlles hunn ëmzesetzen, och wa se da fäerten, Wieler ze erschrecken an ze verléieren.

Eis Äerd virun enger Klimakatastroph rette muss méi wichteg si wéi d'Wale gewannen. De representativ zesummegesate Klima-Biergerrot weist, datt d'Bierger dozou bereet sinn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.