Ëmfroen am Virfeld soen dem aktuelle Premier Viktor Orban 41 Prozent viraus. A Westeuropa gëtt hie kritiséiert, wéinst senger Flüchtlingspolitik. Grad déi kënnt bei senger Basis awer gutt un, seet de Balázs Náray, en ungaresche Journalist - dee fir de Radiogrupp MTVA schafft. Dëse Grupp ass, genee wei den 100,7, Member beim Radiosreseau Euranetplus.
"Awanderung ass geféierlech. Bei eis muss net dat Selwecht wéi a Westeuropa geschéien", hätt de Viktor Orban gesot - seet de Balázs Náray. D'Flüchtlingspolitik wier d'Haaptthema an der Wahlcampagne gewiescht. Dobäi wier den Orban einfach de stäerkste Politiker am Land, d'Oppositioun wier schwaach, sou de Balázs Náray. Vill Leit wieren och mat senger Politik zefridden, well de Wuesstem gutt ass, an d'Paien e bëssen an d'Luucht goungen.
Approche zur EU? Déi selwecht!
Wann de Viktor Orban op sengem Poste confirméiert gëtt, dierft et weider goe wéi bis elo, mengt de Balázs Náray. Hie gleeft net, datt den Toun méi rau gëtt, d'Konfrontatioun mat den EU-Institutioune wäert awer weidergoen.