Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demissioun vum Spidools-Kommissär

Gesondheetswiesen

Demissioun vum Spidools-Kommissär

De Gesondheetsministère muss 100,7-Informatiounen no een neie Vertrieder an de Verwaltungsréit vun de Spideeler designéieren - an denkt iwwer eng Nei-Ausriichtung vun deem Posten no.

auto_stories

2 min

De Vertrieder vum Gesondheetsministère an de Verwaltungsréit vun de Spideeler huet demissionéiert. Dem Laurent Zanotelli säi Mandat als "Commissaire du Gouvernement aux hôpitaux" wier nach bis 2025 gelaf. Amplaz wiesselt den héije Beamten elo op den 1. Juli als Generalsekretär an den Ettelbrécker Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique.

Als Ursaach nennt de Jurist op Nofro hin d'Sich no engem neie professionellen Defi. Säin Depart no eelef Joer am Gesondheetsministère hätt näischt mat de rezenten Turbulenzen am Spidolswiesen ze dinn.

Wéinst der Coronapandemie waren och d'Spideeler an de Fokus geroden: Notamment enquêtéiert d'Justiz wéinst méiglechen "Impfdrängler" bei den Hôpitaux Robert Schuman an dem Centre Hospitalier du Nord.

De Laurent Zanotelli betount och, datt hien ee gudde Rapport zur Gesondheetsministerin hätt - d'Paulette Lenert wier mat sengem Depart averstanen.

Iwwerleeungen iwwer Nei-Definéierung vum Posten

Eisen Informatiounen no lafen am Gesondheetsministère Iwwerleeunge fir de Profil vum Spidools-Commissaire nei ze definéieren an där Persoun eventuell och méi Personal zur Säit ze stellen. Bis ewell huet de Laurent Zanotelli d'Vertriedung vum Gesondheetsministère an de Verwaltungsréit vun den zwielef Spidoolsetablissmenter am Land eleng assuréiert.

D'Spriecherin vum Gesondheetsministère confirméiert op Nofro hinn, datt iwwer eng nei Ausriichtung vum Poste vum Spidools-Kommissär géif nogeduecht ginn. Et wier awer nach ze fréi fir sech dozou am Detail ze äusseren.

De Kommissär huet d'Aufgab fir d'Aktivitéite vun de Spideeler grad ewéi hir technesch, administrativ a finanziell Gestioun ze kontrolléieren. Hie kann Decisioune vum Verwaltungsrot blockéieren, wann déi géint ee Gesetz kéinte verstoussen.

Eventuell Upassunge vum Spidolsgesetz

D'Chamber hat rezent iwwer méiglech Reformbesoinen an der Gouvernance vun de Spideeler diskutéiert. Nieft dem Thema vun den Impfdrängler waren dobäi de Risiko vun Interessekonflikter bei Verwaltungsrotsmemberen vun de Spideeler en Thema. Diskutéiert gouf och ob déi ëffentlech Hand, déi d'Spideeler finanzéiert, genuch Kontrollméiglechkeeten huet.

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet an där Debatt punktuell Upassunge vum Spidolsgesetz vun 2018 net ausgeschloss fir esou d'Gouvernance ze verbesseren.

D'Expertin fir d'Gesondheetswiesen an onofhängeg Beroderin Marie-Lise Lair hat rezent am 100,7-Interview gemengt, ee Spidools-Kommissär géif fir eng efficace Kontroll net duergoen. Een nationale Kontrollgremium wier eng sënnvoll Ergänzung. De But dovunner wier net just fir punktuell Dysfonctionnementer ze verhënneren, mee och fir ze garantéieren, datt d'Spideeler effektiv der Santé publique déngen.