Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demokratie an Ungarn a Gefor?

Rechtsstaatlechkeet

Demokratie an Ungarn a Gefor?

An der Europäescher Unioun steet den Ament net nëmme Polen an der Kritik, wann et drëms geet, ob d'Prinzipie vun der Rechtsstaatlechkeet agehale ginn. D'Bedenke par Rapport zu verschidde Gesetzer, déi viru Kuerzem an Ungarn gestëmmt goufen, ginn och ëmmer méi grouss. Et geet virun allem ëm ee Gesetz, dat ONGen, déi Refugiéen hëllefen, kriminaliséiert. D'Europaparlament kënnt an engem Rapport zum Schluss, datt d'EU eng offiziell Prozedur géint Ungarn misst lancéieren. Bis et esou wäit wier, ass et awer nach ee laange Wee.

auto_stories

4 min

Et wier déi éischte Kéier, datt d'Parlament vu sengem Initiativrecht Gebrauch géif maachen, fir eng Prozedur nom Artikel 7 vun den Traitéen ze lancéieren. Déi Prozedur kann a leschter Instanz dofir suergen, datt ee Land säi Stëmmrecht ofgeholl kritt.

D'Majoritéit an der Kommissioun vum Europaparlament ass der Meenung, datt dës Prozedur sollt lancéiert ginn.

Parlament wëllt Artikel 7 Prozedur lancéieren

"Meng Analys weist, datt et an Ungarn seriö Problemer mat der Rechtsstaatlechkeet gëtt, seet d'Judith Sargentini, Europadeputéiert vun den hollännesche Gréngen. "Et gëtt Problemer mat der Meenungsfräiheet, mat der Onofhängegkeet vun der Justiz, mat der Diskriminéierung vu Romaen, mat Antisemitismus, mat der akademescher Fräiheet. Dat ass schonn esou zanter 2010, zanterhier gëtt d'Demokratie an Ungarn ënnergruewen."

D'Membere vun der Fidesz-Partei vum ungaresche Premier Viktor Orbán gesinn d'Saach ganz anescht. Fir den Europadeputéierte György Schöpflin ass dee Rapport Propaganda vum politesche Géigner. De Rapport wier "Blödsinn" an e wier voller Aussoen, déi noweislech falsch wieren. D'Gauche wéilt gär "ee grousse Geste" maachen.

De Rapport vum Parlament baséiert op Fakten, op Geriichtsuerteeler vum Europäesche Geriichtshaff, op Prozeduren, déi d'Kommissioun ageleet huet, seet dozou Judith Sargentini.

D'Parlament huet verschidde Gesetzer ënnersicht. Och dat neit Gesetz, dat Membere vun ONGe kriminaliséiert, déi Refugiéen hëllefen.

Fir de György Schöpflin geet et bei deem Gesetz just drëm, ONGen dovun ofzehalen, illegale Migranten ze hëllefen a Passeuren d'Handwierk ze leeën. ONGen hätte Refugiéen d'Handwierksgeschir ginn, fir den Zonk duerchzeschneiden. Dat wier illegal. D'Gesetz soll och hëllefen, fir de Mënscheschmuggler hiert Geschäft futti ze maachen.

Kritik och am Europarot

Anescht gesäit dat net nëmmen d'Europaparlament, mee och déi parlamentaresch Assemblée vum Europarot, deem Deputéiert aus 47 Natiounen ugehéieren. Een dovun ass de Lëtzebuerger Sozialist Yves Cruchten. Hien ass den Auteur vun engem Rapport, an deem sech dës Assemblée besuergt weist, iwwer nei Gesetzer a verschiddene Länner, déi ONGe betreffen - notamment an Ungarn.

D'Assemblée huet e Mëttwoch zu Stroossbuerg eng Resolutioun gestëmmt, an där Ungarn kritiséiert gëtt.

Kuerz virdru war d'Venedeg-Kommissioun, déi d'Länner am Europarot a Verfassungsfroe beréit, zum Schluss komm, datt dat ungarescht Gesetz ze wäit geet. Ënner anerem well schonn d'Preparatioun an d'Verdeele vun Informatiounsmaterial fir Refugiéen oder d'Areeche vun Asyldemanden ënner Strof steet. D'Kommissioun kritiséiert och, datt keng Ausnam fir humanitär Hëllef gemaach gëtt.

An Ungarn soll d'Zivilgesellschaft roueg gestallt ginn, seet den Yves Cruchten. Déi allgemeng Entwécklung an Ungarn wier bedenklech.

Parlament stëmmt am September of

Am Parlament weist d'Judith Sargentini de Reproche, et géif sech hei ëm een eesäitege Rapport handelen, wäit vu sech. Dat wier eng schwaach Argumentatioun. Ungarn sollt de Vott seriö huelen, well et am Parlament eng kloer Majoritéit géif ginn, déi iwwer d'Situatioun an Ungarn besuergt wier.

Fir de György Schöpflin huet Ungarn allerdéngs net vill ze fäerten. Hie schwätzt vun engem absurden, ridiculen a kontraproduktive Prozess. "Den Artikel 7 ass eigentlech do fir net gebraucht ze ginn", seet hien. Et wier ee komplizéierte Prozess, a wann de Vott am September am Parlament géif duerchgoen, da wier nach net sécher, wat géif geschéien.

Déi éisträichesch Presidence, dovu geet den Europadeputéierten aus, wäert näischt ënnerhuelen. An dono ass Rumänien un der Rei. "Och si paken deen Dossier net un", seet den MEP viraus. Net ouni ze betounen, datt hien dovun ausgeet, datt am nächsten Europaparlament de Rapport de force een anere wäert sinn.

Et wier méiglech, datt d'Europäesch Vollekspartei, d'Sozialisten an déi Liberal am nächsten Europaparlament vill méi schwaach vertruede sinn, wéi am Moment. An deem Parlament kéint et eng Minoritéit vun Euroskeptiker an EU-Géigner ginn, déi blockéieren an zerräisse kéinten.

Eng laang Prozedur

Am September gëtt an der Plenière ofgestëmmt - de Rapport brauch eng zwee Drëttel Majoritéit. Et ass net sécher, datt dat geschitt. An der Europäescher Vollekspartei, där d'Fidesz ugehéiert, wiisst allerdéngs och d'Kritik. Am Vott an der Kommissioun hate schonn eng Partie Membere vun der EVP fir de Rapport gestëmmt.

Dono ass et dann un de Memberlänner, fir effektiv eng Prozedur géint Ungarn ze lancéieren. Dat ass eng laang Prozedur, wéi een den Ament um Beispill vu Polen ka constatéieren.