Radioen

On air

Notturno  |  Hokube - The Chant

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demonstratioun virum Europäesche Geriichtshaff

Um Kierchbierg

Demonstratioun virum Europäesche Geriichtshaff

Virum europäesche Geriichtshaff ass de Moien um hallwer 10 eng gréisser Manifestatioun virgesinn. Eng 2.000 Manifestanten aus Polen ginn erwaart. Hannergrond ass en Urteel vum europäesche Geriichtshaff, dat indirekt festgehalen huet, datt déi polnesch Kueleminn zu Turow soll zougemaach ginn. Polnesch Gewerkschaftler si rosen iwwert d'Urteel.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Kueleminn zu Turow op der Däitsch-Tschechescher Grenz hat eng Verlängerung vun hiren Aktivitéite gefrot a vun de polneschen Autoritéiten accordéiert kritt. Tschechie war net averstanen an huet virum Europäesche Geriichtshaff geklot.

D'Argument: Zanter Joren hätt Tschechien an der Grenzregioun wéinst der Kueleminn Problemer mam Drénkwaasser. D'EU huet Tschechie Recht ginn an eng Suspensioun vun den Aktivitéiten ordonéiert.

D'Kueleminn zu Turow besteet zanter 1904 a beschäftegt an direkter Linn Eng 5.000 Leit. D'Decisioun vum EU-Geriichtshaff gëtt vun de Gewerkschafte kritiséiert. Dofir demonstréiere si haut: d'Existenz vun den Aarbechter an der ganzer Regioun ronderëm Turow stéing um Spill.

D'EU als Sënnebock

Et ass déi zweete Kéier bannent kuerzer Zäit, datt Pole virum EU-Gericht onrecht kritt. Datt de Protest dowéinst en Anti-EU Protest wier, gesäit d'Ewa Buzon vu Solidarnosc awer net: et wier een net onbedéngt géint d'EU als Ganzt, mee verschidden Decisioune wieren hirer Meenung no onfair.

Geplangt ass och eng Géigemanifestatioun vu pro-europäesche polnesche Bierger zu Lëtzebuerg. D'Izabela Milewska ass der Meenung, datt am Sträit ronderëm d'Kueleminn d'polnesch PIS-Partei d'EU als Sënnebock benotze géif. De Gros vun der Onzefriddenheet wier d'Resultat vun enger populistescher Approche vun der polnescher Regierung, mee och vun de Gewerkschaften. Si géifen dem europäesche Geriichtshaff d'Schold fir d'Feeler vun der polnescher Regierung ginn, mengt d'Izabela Milewska.

Si wier net per se fir d'Fermeture vun der Kueleminn, esou d'Izabela Milewska. Mee si plaidéiert éischter fir nei Verhandlungen tëscht der tschechescher an der polnescher Regierung fir Léisungen ze fannen.


Wéinst der Manifestatioun si vill Stroosse gespaart - d'Police ass mat iwwer 840 Polizisten op der Plaz a wäert iwwer Twitter reegelméisseg informéieren. Et sinn och eng Partie Stroosse gespaart a Busser ginn ëmgeleet. Méi Informatiounen ginn et um Site vun der Police. Um Site vum ACL kann een iwwer Webcam de Stroossendeel Philharmonie-Rout Bréck am A behalen.