Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Antoine Kasel gëtt Chef vum Nicolas Schmit sengem Cabinet

EU-Kommissioun

Den Antoine Kasel gëtt Chef vum Nicolas Schmit sengem Cabinet

De Lëtzebuerger Antoine Kasel gëtt Chef vum Nicolas Schmit sengem Cabinet an der Europäescher Kommissioun.

auto_stories

1 min

Den aktuellen Europadeputéierten a fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit soll EU-Kommissär fir Aarbecht ginn an ass am Gaange seng Equipe zesummenzestellen. Den Antoine Kasel ass den Ament Member am Cabinet vum aktuelle President vun der Kommissioun, dem Jean-Claude Juncker. Hie schafft do als Beroder an ass ënner anerem zoustänneg fir d'Dossiere Steieren an Douane.

Ier déi nei Kommissioun hiert Mandat ufänke kann, muss d'Equipe nach vum Europaparlament gutt geheescht ginn. Virdrun stinn déi designéiert Kommissären de Parlamentarier Ried an Äntwert.

Déi verschidden Hearinge sinn tëscht dem 30. September an dem 8. Oktober. Wéini den Nicolas Schmit un der Rei ass, ass nach net bekannt.