Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Diego Maradona ass dout

Futtballlegend

Den Diego Maradona ass dout

Den Diego Maradona ass am Alter vu 60 Joer verstuerwen. Den Argentinier gëllt als ee vun de beschte Fussballspiller, déi et jee gouf.

auto_stories

1 min

Wéi e Spriecher matgedeelt huet, wier den Diego Maradona am Alter vu 60 Joer zu Buenos Aires un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Ufank November war hie wéinst engem Bluttgerinnsel um Gehier operéiert ginn. Hien hat säi Liewe laang ëmmer nees mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen.

"Hand vu Gott"

17 Joer laang huet hien an der argentinescher Nationalekipp gespillt a sengem Land 1986 deen zweete Weltmeeschtertitel a senger Geschicht verschaaft. Dat Joer hat hien an der Véierelsfinall op der Fussball-Weltmeeschterschaft géint England e Gol mat der Hand geschoss - e Feeler, dee vum Arbitter net gesi gouf. Den Diego Maradona sot spéider, dorop ugeschwat, et wier d'Hand vu Gott gewiescht.

No senger Karriär als aktive Fussballer war hie vill wéinst Drogekonsum an de Schlagzeilen.

Déi argentinesch Regierung huet eng Staatstrauer vun dräi Deeg decidéiert.