Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MGMT - Little Dark Age

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump huet säi Wuert matgeschwat

Wahlen an Israel

Den Donald Trump huet säi Wuert matgeschwat

Bei de Wahlen an Israel gouf et kee klore Gewënner. D'Likud-Partei vum Benjamin Netanyahu an déi zentristesch blo-wäiss Allianz leien ex aequo. Den Netanyahu hat awer genuch Hëllef vum Donald Trump.

auto_stories

2 min

D'Wäisst Haus seet, datt et net hir Intentioun war d'Wahlen an Israel ze beaflossen. Mee ouni et ze wëllen, oder dach, hunn d'Hären Donald Trump, President, a Mike Pompeo, Ausseminister, hiert gemaach fir de Benjamin Netanyahu.

Ee Geste mat grousser Wierkung

Dat neist Beispill koum den Dag virun de Wahlen an Israel. D'USA hunn déi iranesch Revolutiounsgard als Terrororganisatioun designéiert. Een Deel vun enger Regierung esou ze designéieren hat nach ni eng amerikanesch Regierung gemaach. Aner Presidenten haten doriwwer nogeduecht, den Donald Trump huet et duerchgezunn.

De Benjamin Netanyahu während der Wahlcampagne, wou hien eng fënneft Amtszäit ugestrieft huet. Foto: picture alliance / Photoshot

Den Netanyahu sot, den Donald Trump hätt esou eng vu senge ville wichtegen Demanden erfëllt. Et ass natierlech net déi éischt. Während senger Presidence huet den Donald Trump och d'amerikanesch Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem geplënnert an esou Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt. Wéineg aner Länner hunn dësen amerikanesche Choix och getraff.

International ëmstridden Decisiounen

Dunn, viru just e puer Wochen, huet d'US-Regierung d'Golan-Héichten als israelesch unerkannt, an dobäi géint d'Virschrëfte vun der UN verstouss. Alles Beispiller, déi de Benjamin Netanyahu am Wahlkampf benotzt huet fir ze weisen, datt hie méi vun engem amerikanesche President konnt kréien, wéi all aner Premier virun him.

De Point de Vue am Iran war anescht. Den Ausseminister Javad Zarif sot, datt dem Trump seng Entscheedung, d'Revolutiounsgard ze sanktionéieren e Cadeau um Owend virun de Wahle war.

De Benny Gantz war dem Benjamin Netanyahu säi gréissten Erausfuerderer. Foto: picture alliance / Photoshot

Den Donald Trump ass e Mann, deen a bal der ganzer Welt onbeléift ass, mee an Israel ass et eng aner Geschicht. Esou huet de Benjamin Netanyahu seng Frëndschaft mam Trump am Wahlkampf benotzt fir sech beléift ze maachen. Hien ass och op Washington gereest fir zwou Woche virun de Wahlen eng nei Rei Fotoe vum amerikanesche President, de Frënd vun Israel, an den Alliéierte vum Netanyahu.

Ni war d'Relatioun tëschent den USA an Israel esou gutt, seet den amerikanesche President. Seele war en amerikanesche President esou wichteg an engem israelesche Wahlkampf, seet de Rescht vun der Welt.